BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Studenten

ÄR STUDIEN

Preparéiert se ab haut!

WÉI FINANZÉIEREN ECH MENG STUDIEN?

Mat dëser spezieller Offer, kënnt Dir Iech schnell an einfach an Ärer neier Stad aliewen, während Dir op d’Studiëbäihellëf vum Cedies waart:

5.000 € Avance vu Suen zu 0 % Zënsen
Kautioun bis zu 5.000 €
Gratis V PAY a Visa-Kaart
International Assurance Optistudent
D’Suen vun der Avance¹ ginn op Äre Kont iwwerwisen fir dass Dir Iech schnell an Ärer neier Stad aliewe kënnt. Soumat kënnt Dir Är éischt Rechnungen bezuelen wéi Unisfraisen, Miwwelen, Busabonnement, Internet-Connexioun… Dës Avance muss zeréck bezuelt ginn soubal Dir d’Suen vun Ärem Prêt Cedies kritt hutt.
Dës Kautioun² erlaabt Iech schnell an einfach Är Wunneng an Europa oder an der Europaïscher Unioun ze lounen. BGL BNP Paribas ass Äre Garant an schéckt e Garanties-Beweis un Ären zukünftegen Propriétaire. Sou muss Dir näicht virstrécken oder op Ärem Kont blockéieren loosen.
Dës Kaarten erméiglechen Iech an Ärem Alldaag anzekaafen an ze bezuelen. Mat der V PAY-Kaart kënnt Dir op all de Bankomater vu BGL BNP Paribas zu Lëtzebuerg, vu BNP Paribas an der Eurozon an vun der Deutsche Bank an Däitschland Suen ophiewen!
Mat der OptiStudent-Versécherung, sidd Dir gratis während 5 Joer, iwwerall op der Welt verséchert³. Dëst zielt am Fall vun enger Krankheet, engem Accident oder enger Hospitalisatioun. Profitéiert och vun engem Assistenz-Service 24h/7j. Wann Är Bagagen méi wéi 8 Stonnen Verspéidung hunn, kritt Dir déi aller néidegst Saachen zeréck bezuelt, déi Dir braucht fir ze liewen.
1) Offer u Konditiounen an un d’Akzeptatioun vum Dossier gebonnen. 2) Eng Locatiouns-Garantie verlaangt de Propriétaire befir hien Iech d’Appartement verlount. 3) Ausser Länner an Krich-Situatiounen. Méi Informatiounen an eisen Agencen.

WÉI KANN EEN VUN DËSER SPEZIELLER OFFER PROFITÉIEREN ?

Maacht e Rendez-vous aus iwwert den 42 42-2000 oder op bgl.lu. Mir sinn do fir Iech ze hëllefen! Huelt hei schnell e Rendez-vous :

Virnumm*

Numm*

Address*

Gebuetsdatum*

Tel*

Email*

Wéini wëll Dir kontaktéiert ginn?

 8:00-12:00 12:00-14:00 14:00-17:00 No 17 Auer



Préparéiert Äeren Dossier am Viraus! Wann Dir an der Agence laanscht kommt, vergiesst net:
    • Äere Pass oder Äer Carte d’identité,
  • Den accusé de réception vum Cedies, de beweist dass Dir Äer Demande beim Cedies gemaach hutt,
 

WÉI MUSS DIR VIRGOEN FIR VUN DER STUDIËBÄIHËLLEF VUM STAAT PROFITÉIEREN ZE KËNNEN?

Eisen Tutoriel erkläert Iech an 2 Minutten wat Dir maache musst! Découvrez-le  

PROPOSÉIERT BGL BNP Paribas OCH DE STUDENTE-PRÊT?

Natiirlech! Soubal dir den Bestätegungsbréif vum Cedies kritt hutt, kënt Dir dësen un BGL BNP Paribas weider ginn fir vum Prêt Étudiant bis zu 12.650 Euro profitéieren ze kënnen. Wann Dir an d’Agence laanscht kommt, vergiesst net de Bestätegungsbréif vum Cedies matzebréngen.  

WÉINI A WÉI KANN ECH DE PRÊT ÉTUDIANT ZERÉCK BEZUELEN?

E prêt Étudiant muss zeréck bezuelt ginn. Folgend Konditiounen si wichteg:
  • Studenteprêt bis Maximum 12.650 Euro
  • Zënssaz vun maximum 2 % garantéiert vum lëtzebuergen Staat
  • Dëse Prêt muss 2 Joer nom Studie-Schluss zeréck bezuelt ginn
  • Zënsen ginn 2 mol am Joer bezuelt
  • Innerhalb vun 10 Joer muss de ganze Prêt zeréck bezuelt sinn
*Beispillrechnung: E Prêt vun 10.000 EUR mat enger Lafzäit vun 120 Méint an engem op den Euribor Taux fixéierten Taux vu max. 2% bezuelt Dir an 120 Echeancen vu maximal 92.01 EUR (ouni fakultativ Versécherung) zréck. Keng Fraisen um Dossier (nëmmen a Verbindung mat der Offer ‚Essentiel‘). Vum Debiteur zréck ze bezuelene Gesamtbetrag: 11.141 EUR
 

KANN EEN DE PRÊT ÉTUDIANT BENOTZEN FIR ENG REES ODER E SCOOTER ZE BEZUELEN?

Dir musst der Bank net soen wat Dir mat Ärem Prêt Étudiant maacht, obwuel dësen natiirlech op éischter Plaatz Iech soll hëllefen Är Rechnungen op der Uni ze bezuelen an soumat Iech Ärt d’Studentenliewen ze vereinfachen.  

MÉIGLECH, MAT NET VILL SUEN AN D’VAKANZ ZE FUEREN?

Jo kloer ass dat méiglech ! Fir Iech eng onvergiesslëch Vakanz ze bidden, organiséiere mir e Concours ! Spillt mat a gewannt vläit eng Interrail-Vakanz fir déi schéinsten Ecker vun Europa ze entdecken ! Ech wëll matspillen

Kontaktéiert eis