BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Studenten

Den 1.02.2018

Sech deplacéieren

Mobilitéit : Auto lounen oder kafen ?

Tendenz Autofestival 2018 – De’Laangzäit-Leasing fir Privatpersounen

170 Showroome verdeelt op enger Gesamtfläch vu 60.000 m2, 18.000 geschätzte Bestellungen, e Rekordjoer 2017 vun den Immatrikulatiounen … Ouni Zweiwel gëtt d’Editioun 2018 vum Autofestival schonn ongedëlleg erwaart, souwuel vun de Keefer, wéi och vun de Verkeefer. Während 10 Deeg wäert et u verschidde Finanzéierungsofferen net feelen. Ënnert dësen Offeren, gëtt et eng, déi sech duerch hier Einfachheet an Innovatioun vun deenen aneren ofhieft: De Laangzäit-Leasing fir Privatpersounen, och Private Lease genannt.

Ären neien Auto kafen oder lounen? Dir hutt elo de Choix!

De Laangzäit-Leasing, elo och disponibel fir Privatpersounen an net nëmen fir Professionellerassnet ze verwiessele mam klassesche Leasing, bei dem een sain Auto zum Schluss vum Kontrakt kafe kann. Dë Private Lease passt sech dofir méi der Evolutioun vun der Gesellschaft un: Et bezillt een nëmme fir wat ee konsuméiert an et lount een éischter wéi dass ee keeft! Et wëll een net méi onbedéngt Proprietär sinn! Et wëllt een sech virun allem d’Liewe vereinfachen!

Wéi funktionéiert de Private Lease*?

Dir sicht Iech en neien Autoeraus, deen Iech gefält! Dir bestëmmt d’Dauer vum Kontrakt an de Kilometrage an Dir bezuelt all Mount e Loyer, deen d’Maintenance, d’Assurance, d’Assistance, d’Wiesselen an de Stockage vun de Pneuen an esouguer d’Taxe mat abgegrëfft. Alles,ausser de Bensin ass an Ärem Vertrag mat dran! En aneren interessante Punkt ass, datt Dir en Auto hutt, ouni finanziellen Apport an ouni Iech mussen em de Weiderverkaf vun Ärem Auto ze këmmeren.

 

 

 

Ka jiddereen dovu profitéieren?

Nëmmen d’Residente vu Lëtzebuerg kënne vun der Private Lease-Offer profitéieren an dat aus steierleche Grënn: En Auto, deen iwwert de Private Lease verlount gëtt, muss am Grand-Duché ugemellt sinn.

Wéi eng Offere ginn et um Marché?

Et gi vill verschidde Méiglechkeeten, fir vum Private Lease ze profitéieren, méi oder manner komplett wat de Choix an d’Servicer betrëfft. Fir vun enger grousser Auswiel vu Gefierer profitéieren ze kënnen, an net op eng Mark limitéiert ze sinn, kënnt Dir Iech zum Beispill fir d’Offer Private Lease vu BGL BNP Paribas entscheeden. Dës Offer gëtt vun der Firma “Arval Luxembourg” proposéiert, eng Firma vum Grupp BNP Paribas, déi am Private Lease spezialiséiert ass.

Dir gesitt also, datt de Private Lease eng interessant Alternative zum Kaf vun engem Auto ka sinn fir all déi Persounen, déi hiren Autosbudget all Mount richteg gutt am Grëff wëllen hunn!

Dir fannt méi Informatiounen iwwer de Private Lease vu BGL BNP Paribas op bgl.lu oder rufft un um (+352) 42 42-2000.

* Dës Offer ass fir Privatpersounen a gëllt nëmmen no der Validatioun duerch BGL BNP Paribas an duerch den Accord vun Arval Luxembourg. Mat abezu sinn d‘Assurance, Pneuen, Materialschied, Steieren a reegelméisseg Revisounen. Ouni Bensin oder Diesel.

 

 

Kontaktéiert eis