BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Studenten

Den 17.05.2019

Events

Hues du scho vum Job Shadow Day héieren?

Et ass eng gemeinsam Initiativ vun der Fedil – Business Federation Luxembourg an der ASBL Jonk Entrepreneuren Luxembourg mat der Participatioun vun der Handelskummer an der Handwierkschamber.

Wann s du méi ewéi 16 Joer al bass, hues du d’Méiglechkeet, beim Job Shadow Day matzemaachen! Dësen originelle Programm erlaabt et dir, e Betribsleeder wärend engem Dag ze begleeden. Du kanns em dobäi nokucken, wéi en d’Missiounen erleedegt, déi mat sengem Poste verbonne sinn, an esou en Iwwerbléck kréien iwwert dat, wat a verschiddene Beruffer gefuerdert ass. Du kanns esou wäertvoll Andréck iwwert d’Aarbechtswelt kréien an um Terrain iwwerpréiwen, ob deng eventuell berufflech Choixen an der Realitéit vum Alldag dat Richtegt fir dech wieren.

Dëst Joer haten dräi Schüler d’Chance, den Alldag vun eise Manager ze deelen an dräi verschidde Beräicher vun der Bankewelt ze entdecken: d’Kommunikatioun, d’Bankagence an d’Ëmgestaltungsstrategie. Dësen Dag, och wann e kuerz war, huet interessant Echangen erméiglecht an huet et de Jonken erlaabt, déi vill Facetten an Erausfuerderunge vun eiser Aktivitéit kennenzeléieren.

Zéck net, bei der Editioun 2020 matzemaachen! Mir freeën eis, dir d’Kulisse vun eiser Bank virzestellen an eis Leidenschaft mat dir ze deelen.

Déi verschidde Programmer, déi d’ASBL Jonk Entrepreneuren proposéiert, hëllefen dir, deng Integratioun um Aarbechtsmaart besser virzebereeden! Fir méi iwwert déi verschidden Offere gewuer ze ginn, besich de Site, andeems du hei klicks.

Kontaktéiert eis