BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Studenten

Den 15.05.2019

Events

Dag vun de Mini-Entreprisen @ BGL BNP Paribas

Bass du am Lycée? Kenns du de Programm vun de Mini-Entreprisen, deen d’ASBL Jonk Entrepreneuren a Partnerschaft mat der BGL BNP Paribas proposéiert?
Et ass en originelle Projet, dee sech kloer vun den traditionelle Schoulcoursen ënnerscheet an et dir erméiglecht, deng eege Mini-Entreprise ze geréieren an opbléien ze loossen, Entscheedungen ze treffen an d’Verantwortung dofir ze iwwerhuelen. Wärend engem ganze Joer kanns du autonom schaffen an deng Entrepreneursfäegkeeten op d’Prouf stellen a gläichzäiteg vun engem professionelle Coaching profitéieren.
Maach mat an erlief dës beräicherend Erfarung, déi et all Joer erméiglecht, nei Vocatiounen opzedecken.

Dëse Projet läit eis besonnesch um Häerz a mir hunn de Mini-Entreprisen d’Méiglechkeet gebueden, hir Offer den 8. Mee wärend enger klenger Foire virzestellen, déi op eisem Site um Kierchbierg organiséiert ginn ass. Ewéi déi viregt Jore war d’Offer innovativ a villfälteg: D’Kosmetik, d’Iessen an déi praktesch Objeten aus dem Alldag stoungen ënner anerem am Mëttelpunkt an haten oft eng nohalteg Dimensioun.
An enger zweeter Phas haten eis Mini-Entrepreneuren d’Méiglechkeet, eng nei Facette vum Entrepreneuriat wärend der Presentatioun vun eiser Bankaktivitéit am Beräich vun de Betriber a virun allem ganz interessant Presentatiounen iwwert eisen Inkubator Lux Future Lab an d’Start-up Food For All (F4A) ze entdecken. Dës proposéiert esouwuel de Supermarchéen ewéi de Konsumenten innovativ Léisungen, fir géint d’Liewensmëttelverschwendung ze kämpfen.
Déi verschidde Programmer, déi d’ASBL Jonk Entrepreneuren proposéiert, hëllefen dir, deng Integratioun um Aarbechtsmaart besser virzebereeden! Fir méi iwwert déi verschidden Offere gewuer ze ginn, besich de Site, andeems du hei klicks.

Kontaktéiert eis