BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Schüler

Offer Startin’ Schüler vu BGL BNP Paribas


Du hues tëscht 12 a 17 Joer a fänks un, däin Täschegeld an deng Ausgabe selwer ze geréieren? Dann ass de Programm Startin’ Schüler, deen 100% gratis ass, genee dat richtegt fir dech!

Däi Startin’-Kont fir Schüler

 Startin’ Schüler ass 100 % gratis a bitt Dir:

  • e Compte courant fir d’alldeeglech Gestioun vun denge Bankoperatiounen
  • eng Debitskaart, fir zu Lëtzebuerg an iwwerall an Europa anzekafen
  • Gesëcherten Web a Mobile Banking fir deng Konten ze suivéieren
  • Ouni zousätzlech Käschten, Suen ophiewen op alle Bankomater vu BGL BNP Paribas zu Lëtzebuerg, Groupe BNP Paribas an der Eurozone a bei der Deutsche Bank an Däitschland.
  • Eng Reduktioun vun 3 Euro op all Trajet mam Night Rider-Bus wann’s du deng Kaart vu BGL BNP Paribas weis
  • Eng Reduktioun vu 5 % 1) op den Cours’en vun EF. Entdeckt d’Offer vun EF op ef-luxembourg.lu (http://www.ef-luxembourg.lu/)

1) D’Offer EF ass valabel op Presentatioun vun Ärer Bankkaart BGL BNP Paribas

Eis Apps

  • Web Banking (tablette Android / iPad, iPhone, Smartphone Android) fir deng Suen ze suivéieren
  • CashPoints (iPhone) fir all eis Bankomater an Agencen zu Lëtzebuerg ze fannen
  • Dr. Job (iPhone) fir dech gutt op e Virstellungsgespréich firzebereeden

 

Du muss däi Studium finanzéieren?

Fir Är Studien ze finanzéieren, proposéiert Iech BGL BNP Paribas de Studenteprêt (Cedies) bis 12.650€ an offréiert Iech zousätzlech sämtlech Avantagen. Dëse Prêt gëtt vum Staat accordéiert a gesäit e ganz gënschtegen Zënssaz fir de Remboursement vir (festen Taux vu maximal 2 %).

Méi Informatiounen iwwer Finanzbäihëllefe vum Staat fënns du um Internetsite vum CEDIES.

Wann s du dech fir eis Offer vum Studenteprêt entscheets, profitéiers du ausserdeem vun der Assurance OptiStudent , eng Versécherung vun Europ Assistance, mat där‘s du all Joer 200 EUR geschenkt kriss! Dës Assurance deckt zum Beispill d’Rapatriementskäschten, wann s du am Ausland solls krank ginn.

Entdeckt all eis Offere fir d’Studenteprêten.

Dir musst Iech séier ëm Är éischt Depensë këmmeren (Inscriptioun, Loyer, Miwwelen…)? BGL BNP Paribas proposéiert Iech eng Avance vun 3.000 EUR zu 0% Zënsen! D’Suen depannéieren Iech, bis Äre Studenteprêt antrëfft. D’Avance muss bannent 4 Méint nom Ofschloss vum Prêt integral rembourséiert ginn. Méi Informatiounen op bgl.lu

Beispillrechnung: E Prêt vun 10.000 EUR mat enger Lafzäit vun 120 Méint an engem op den Euribor Taux fixéierten Taux vu max. 2% bezuelt Dir an 120 Echeancen vu maximal 92.01 EUR (ouni fakultativ Versécherung) zréck. Keng Fraisen um Dossier (nëmmen a Verbindung mat der Offer ‚Essentiel‘). Vum Debiteur zréck ze bezuelene Gesamtbetrag: 11.141 EUR.

Spuer-Konten

De Spuerkont fir Jonker  ass mat engem besonnesch gënschtegen Zënssaz den ideale Kont, wann s Du spuere wëlls, d’Suen awer weiderhi fir onerwaarten Ausgaben verfügbar bleiwe sollen.

Mam Wachstumsspuerkont  kanns Du Dir bis zu Denger Groussjäregkeet e Kapital opbauen, an dobäi vun engem ganz gënschtegen Zënssaz profitéieren.

 

D’Bankewelt

Schreif Dech an Deng Klass fir eise Programm Startin’ Finance an  a kommt déi verschidde Beruffer an der Bank bei eis entdecken! Vun der Visite guidée vun eisen Agencen bis zum Workshop iwwer Marketing a Kommunikatioun – hei ass fir jiddereen eppes dobäi!

BGL BNP Paribas S.A., 50 avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, Tél. (+352) 42 42 -1, Fax (+352) 42 42-2579