BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Schüler

Den 2.05.2011

Lycée

Wéi kann ee sech am beschten op seng Ofschlossexame virbereeden?

Encouragement BAC startin

Ob een elo Medezin, Handel, Konscht, Wëssenschaft, Kachen, Droit, Sport oder en anert Fach studéiert, et féiert kee Wee dolaanscht, d’Examen um Enn vum Joer erënneren eis ëmmer erëm drun, datt d’Studenteliewe wuel schéin ass, d’Examen dofir trotzdeem gutt virbereet wëlle ginn.

ËMGANG MAM STRESS

E bëssi Stress ass net onbedéngt negatif, e ka souguer hëllefräich sinn, well en och motivéiert. Fir déi richteg Ängschtlech awer, hei e puer Rotschléi:

  • Magnesium: ideal fir eventuell Mängel ze behiewen, d’Angscht ze bekämpfen, d’Form an d’Konzentratioun ze verbesseren (méi Informatiounen iwwer douce Medezin fannt Dir hei).
  • Timing: Jee éischter Dir mat Léieren ufänkt, desto manner gerot dir duerno ënner Drock. Ausserdeem kënnt Dir esou Äert Gediechtnes trainéieren. Duerch eng gutt Organisatioun wësst Dir och méi genee, wéi vill Zäit Iech nach bleift an Dir kënnt d’Wochen an d’Deeg besser an engem Kalenner plangen an Är Widderhuelungen, Coursen a Sortien openeen ofstëmmen.
  • Otmung: Ier Dir ufänkt, otemt eng Kéier déif duerch a konzentréiert Iech.
  • Positivt Denken: Seng Capacitéiten ëmmer a Fro ze stelle bréngt näischt a schuet nëmmen Ärer Motivatioun.

WANN DIR ALL D’CHANCEN OP ÄRER SÄIT WËLLT HUNN, GËTT ET NËMMEN EE MËTTEL: SCHAFFEN!

Dat ass besser!

Mengt nëmmen net, et géing duer goen, an d’Coursen ze goen, fir sécher duerchzekommen. Et muss een och nach nokommen, Notten huelen, se verstoen a verhalen! An do féiert kee Wee laanscht Léieren, Tester fir ze kucken, op alles verstanen ass, Exercicer an ëmmer erëm Widderhuelungen! Gutt an efficace Memorisatiouns-Methode fannt Dir um Site Conseils Temps (hei ginn et nach vill weider Präzisiounen) 🙂

An trotzdeem huet jiddereen seng eege Method fir ze léieren. Fannt eraus, wéi Äert Gediechtnes funktionéiert a passt Är Léiermethoden dorun un, nëmmen esou kritt Dir déi beschte Resultater 

GUTT IESSEN

Eng Iddi fir e speziellen „Examenszäit-Menü“ fannt Dir hei, mä am Allgemengen soll e säi Gehier mat där richteger Ernährung pushen: lues Kuelenhydrater fir d’Energie (Feculenten), Basilikum, Schokola a gedréchent Uebst fir d’Angscht oder den niddrege Bluttdrock ze bekämpfen.
Den Dag vum Exame selwer soll een dann och gutt Kaffi drénken, fir e Leeschtungsdown ze verhënneren.

E PUER ROTSCHLEI FIR DEN DAG VIRUM EXAMEN

E klenge Léier-Marathon den Dag virum Examen? Mir soen Iech direkt, dat ass keng gutt Iddi (sorry fir d’Adeptë vum Last Minute). Plangt léiwer e liichte Programm mat Widderhuelungsfichen an Tester fir Saachen, déi schwéier ze verhale sinn, fir Iech se gutt anzeprägen. Denkt Iech och Ieselsbrécken aus, dat hëlleft vill, wann Dir e klenge Black out sollt hunn! Gitt zimlech fréi an d’Bett, fir um groussen Dag an Topform ze sinn. Stitt de Muere selwer mat Zäit op, fir datt Dir relax a virun allem richteg waakreg an den Exame goe kënnt.

Haut ass Examen!

Voilà, et ass souwäit, den Dag vum Examen ass do! Sidd Dir prett? Hei nach e puer lescht Rotschléi:
Wann et e mëndlechen Examen ass:

  • Dot Iech korrekt un, d’Kleedung ass wichteg bei engem Oral
  • Stellt e Plang vun Ären Argumenter op fir net an all Richtunge lasszeschéissen an Iech ze verléieren
  • Dréckt Iech däitlech aus a schwätzt haart genuch
  • A virun allem, och wann Dir eng Fro net gutt wësst, fuert weider bis zum Schluss, mä bleift beim Thema! (versicht net, den Examinateur anzewéckelen, dat gefält em ganz bestëmmt net!)

Wann et e schrëftlechen Examen ass:

  • Liest d’Froen opmierksam duerch, e puer Mol wann et muss sinn
  • Séchert Iech Är Punkten: fänkt mat deene Froen un, bei deenen Dir d’Äntwert wësst a loosst déi aner, wou Dir onsécher sidd, fir de Schluss
  • Dréckt iech kohärent a kloer aus (keng endlos laang Sätz an ëmständlech Tournuren), weist, datt Dir dat wat gefrot gëtt, wësst a virun allem och verstitt
  • Bereet Iech e Plang am Brouillon vir
  • Passt op d’Presentatioun op, d’Correcteuren hunn oft wéineg Gedold mat onsoignéierte Kopien.
  • A virun allem, iwwerliest Ären Text (plangt dofir 10 Minutten an)!

Wann Dir nach méi wësse wëllt, 10 Rotschléi fir en Examen ze packen fannt Dir hei an alles iwwert falsch gutt Iddien gëtt et do.

Kontaktéiert eis