BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Schüler

Den 3.03.2017

Daily Life

Gutt ze wëssen : Wéi funktionéiert d’Bourse eigentlech?

Dir hutt e bësse Suen an interesséiert Iech fir Investissementer? Dir sidd dem Risiko net ofgeneigt, bleift awer raisonnabel?

Da kéint d’Bourse duerchaus eppes fir Iech sinn. Hei heescht et awer gutt oppassen, fir deen, dee sech net auskennt ass dat e Wee voller Hindernisser. Do ass et besser, sech guidéieren ze loossen!

D’Bourse kann ee vergläiche mat engem permanente Maart, wou Verkeefer, déi op der Sich no Kapital sinn, op Keefer treffen, déi Kapital ubidden. Wat gehandelt gett, sinn „Aktien“, Undeeler um Aktionariat vun Entreprisen. Et schwätzt een och vun Titren oder Wäertpabeieren.

D’Entreprisë bidden déi Undeeler oder Parten uStock market analysism Marché un, fir Kapital opzehuelen an domat an hiren Developpement z’investéieren. Duerch de Kaf vun dëse Parte ginn d’Keefer Aktionären vun der Gesellschaft. Si hoffen, dass d’Investissementer, déi d’Entreprise duerch hiren Apport maache konnt, de Wäert vun der Entreprise steigert an doduerch Gewënn bréngt. Wann dat de Fall ass, bezilt d’Societéit hinnen Zënsen aus, déi een „Dividenden“ nennt.

Et ass awer esou, dass et net vill Leit gëtt, déi eng Societéit laang suivéieren, well se hir trei sinn oder sech fir hire Geschäftsprojet interesséieren. Den Aktiemaart gëtt zounehmend vun de Spekulanten bestëmmt, déi iwwert ëmmer méi ausgefeilten Technologië ganz Päck vun Aktie kafen a verkafen opgrond vu relativ komplexen Indikateuren. Dës Aktie kënnen de Proprietaire zimlech oft wiesselen.
Ier ee sech an d’Welt vun der Bourse stierzt, sollt ee sech mat hirer Realitéit ausenanersetzen: De Wäert vun den Aktie ka staark um Marché fluktuéieren. Dir sidd mat Parameter konfrontéiert, déi ganz komplex a oft schwéier ze maîtriséiere sinn. Dofir sollt Dir ëmmer am Kapp behalen, dass een op der Bourse vill Geld gewannen, es awer och vill verléiere kann. Net fir näischt gëllen d’Wäertpabeieren als Risiko-Investissement.

Vergiesst dës Realitéit ni, wann Dir ech an d’Welt vun der Bourse lancéiert!

Kontaktéiert eis