BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 28.09.2012

Wunnen

Zu Lëtzebuerg eng Wunneng fannen

Zu Lëtzebuerg eng Wunneng fanne kann e richtegen Challenge sinn, deen net ëmmer vun Erfolleg gekréint ass. Sech am Dschungel vun den Offeren erëmfannen, Ulafstelle fannen, déi Iech bei Ären Demarchen hëllefen: hei e puer nëtzlech Hiweiser, un deenen Dir Iech orientéiere kënnt fir déi rar Pärel, Äert gemittlecht Dram-Nascht ze fannen!

 

Eng éischt Wunneng zu Lëtzebuerg: Dram oder Wierklechkeet?

Lëtzebuerg huet wierklech keng ganz berouegend Reputatioun, wann et drëm geet, seng éischt Wunneng ze fannen: iwwerdriwwe Loyeren, Agence-Fraisen, déi Iech d’Genéck briechen, déi eenzeg Offeren, déi abordabel sinn, sinn „al“ Appartementer. Mir wëllen Iech weisen, datt et nieft dëse pessimistesche Clichéen duerchaus e puer Piste ginn, déi d’Sich méi einfach maachen;-)

De Rendez-vous, deen Dir um Enn vun dëser Woch net verpassen dierft, ass d’Semaine Nationale du Logement, déi vu freides, den 28. September, bis méindes, den 1. Oktober, an der LuxExpo stattfënnt. Dir kënnt Iech do e gudden Iwwerbléck iwwer den Immobiliemaart zu Lëtzebuerg an all senge Forme verschafen. Vun den Associatiounen iwwer d’ëffentlech Administratiounen an d’Immobilièren, Dir fannt do ganz sécher dee Gespréichspartner, deen Iech weiderhëllefe kann!

Et ginn och vill Internetsitten, déi Iech d’Sich erliichteren, zum Beispill athome.lu, wou net nëmmen d’Offere vu Lëtzebuerg mä och déi aus der Groussregioun regruppéiert sinn. Donieft ginn et och eng ganz Rei vun Immobilien Agencen, déi Iech bei der Sich behëlleflech sinn.

Fir Mataarbechter, déi vun hirem Employeur op Lëtzebuerg deplacéiert gi sinn, kënnen d’Agences de relocation wäertvoll Hëllef bidden. Si assistéieren net nëmme bei der Sich no enger Wunneng, mä bidden och e personaliséierte Service un, fir d’Installatioun zu Lëtzebuerg esou einfach wéi méiglech ze maachen (si iwwerhuelen z.B. administrativ Demarchen, d’Sich no enger Schoul, enger Kannerfra …)

Fir een, deen op Wunngemeinschafte steet, kann d’Colocatioun eng flott Alternativ sinn, déi et erlaabt, net alleng ze liewen an d’Fraisen ze deelen;-), et gi vill spezialiséiert Sitten, op deenen Dir dee Matbewunner fannt, dee perfekt bei Är Liewensweis passt!

Och wann den Immobiliemaart zu Lëtzebuerg schwéier zougänglech schéngt, mat e bësse System, e bësse Gedold an engem gudde Bléck fannt Dir bestëmmt Äert Dramappartement oder -haus.

Kontaktéiert eis