BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 12.11.2013

Wunnen

Wéi eng Froe soll ee sech stellen, wann een eng Wunneg sicht?

Eng Wunneng siche mécht Iech Angscht? Dir wësst net, wou ufänken? Hei sinn e puer Froen, déi Iech hëllefen, e besseren Duerchbléck ze kréien!

Wéi eng Wunneng soll et sinn?

Wann Dir eng Wunneng sicht, ginn et natierlech vill Méiglechkeeten an Dir kënnt Iech net alles ukucken: definéiert fir d’éischt Är Besoinen, dann ass et méi einfach, Är Dramwunneng ze fannen!

Photo

Fir Är Besoinen ze definéieren, soll Dir Iech e puer Froe stellen:

  • Sicht Dir eppes alleng? Als Koppel? Mat Frënn? Dovun hänkt d’Zuel vun Zëmmeren of, déi Dir braucht.
  • Hutt Dir en Hausdéier oder e puer? Dës ginn net iwwerall akzeptéiert, passt also dorop op!
  • Hutt Dir en Auto? Sidd Dir no bei der Plaz, wou Dir studéiert? Informéiert Iech, mat wéi engen Transportmëttel Dir dohinner kommt.
  • Braucht Dir Rou fir ze léieren oder éischter Animatioun, fir Iech net ze langweilen?
  • Sidd Dir léiwer fir Iech alleng oder wëllt Dir vun dëser Wunneng profitéieren, fir nei Bekanntschaften ze maachen?

En Appartement: Dir sidd endlech onofhängeg! Rechent awer och déi verschidde Fraisen zesummen, déi nieft Ärem Loyer ufalen, alleng liewen ass jo schéin a gutt, verschëlde sollt Dir Iech awer net!
D‘Wunngemeinschaft: Finanziell méi interessant a gënschteg, wann Dir fäert, Iech alleng ze langweilen. Et muss een awer och capabel sinn, an enger Gemeinschaft ze liewen: : Maacht dësen Test fir erauszefannen, ob Dir prett sidd!
Residenzen: Dat ass den ideale Mëttelwee tëscht der Wunngemeinschaft an dem Appartement: hei hutt Dir Äre perséinlechen Espace, kënnt awer trotzdem vun der Gesellschaft vun deenen anere Matbewunner an der Residenz profitéieren, wann Dir Loscht drop hutt. 🙂
Verschidde Generatiounen ënnert engem Daach: Dëst Konzept, dat sech ëmmer méi verbreet an zu Lëtzebuerg nach e Pilotprojet ass, kann eng exzellent Alternativ sinn. Dir wunnt bei enger eelerer Persoun a musst als Géigeleeschtung verschidden Aarbechte fir si maachen. Dëst ass zwar eng solidaresch a wirtschaftlech interessant Demarche, Dir musst awer genuch Verantwortungsgefill hunn, fir eng Persoun, déi op Iech zielt, net am Stach ze loossen.

Eis Rotschléi, fir Iech bei Ärem Choix ze hëllefen:

  • Baséiert Iech op Är finanziell Mëttelen, si hëllefen Iech, eng éischt Selektioun ënnert den uewe genannte Méiglechkeeten ze treffen.
  • Fir Är Recherche ze lancéieren, kënnt Dir fir d’Wunngemeinschaft mat apartager.lu ufänken, oder hei oder do fir d‘Residenzen. Dir kënnt och eisen Artikel Zu Lëtzebuerg eng Wunneng fannen liesen!
  • Wann Dir Iech fir e Liewen an enger Gemeinschaft, ob an enger Wunngemeinschaft oder an engem anere Stot, decidéiert hutt, da vergiesst net, wéi wichteg et ass, vun Ufank u Regele festzeleeën.

 

Wéi kënnt Dir Är Wunneng finanzéieren?

Vergiesst net, datt de Loyer e groussen Deel vun engem Budget ausmécht. Denkt also ëmmer un dës Depensen a plangt Äre Budget, fir keng Echeance ze verpassen.

Eis Rotschléi:

  • Vergiesst net, datt Dir zu Lëtzebuerg ënner Ëmstänn eng Kautioun vun 2 oder souguer 3 Loyere bezuele musst. Wann Dir déi net selwer finanzéiere kënnt, kënnt Dir Iech ënnert gewësse Bedéngunge vun enger Bank oder vum Staat hëllefe loossen.
  • Maacht Iech genee mat de Regele vertraut iwwer d’Opdeelung vun de Käschten tëscht dem Proprietaire an Iech selwer, fir béis Iwwerraschungen z‘evitéieren.

 

Wat ass ze maachen, nodeems de Mietvertrag ënnerschriwwen ass?

Wann Dir Äert „Eegent Doheem“ fonnt hutt, ginn et nach e puer obligatoresch, oder op d’mannst staark recommandéiert Schrëtt, fir datt Dir voll dovunner profitéiere kënnt:

  • Schléisst eng Wunnversécherung of: dëst ass staark ze recommandéieren, well de Proprietaire kann de Bail kënnegen, wann Dir keng hutt, an Dir sidd domat finanziell ofgeséchert, wann et e gréissere Problem mat Ärer Wunneng gëtt. Entdeckt hei eis offer, déi Iech vläicht hëllefe kann.
  • Kontaktéiert déi verschidden Déngschtleeschter déi Dir braucht (jee no Ärem Mietvertrag): Stroum, Telefon, Internet…

Voilà, lo sidd Dir prett fir méi relax un d’Sich no Ärem „Home sweet home“ erunzegoen! Bon courage, a vergiesst net Är Housewarming-Party 😉

Kontaktéiert eis