BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 18.06.2014

Wunnen

Dir lount eng Wunneng? Kennt Dir Är Rechter?

Endlech sidd Dir gléckleche Locataire vun enger Wunneng. Domat hutt Dir eng Rei vu Rechter, mä natierlech och Flichten. Déi iewescht dovun: Äre Loyer matzäit ze bezuelen…

Dir hutt selbstverständlech e Bail ënnerschriwwen a wahrscheinlech eng Kautioun hannerluecht. Dës Kautioun kann net méi héich wéi dräi Méint Loyer sinn. Si déngt als Garantie fir Schied, déi Dir vläicht verursaache kéint (mir hoffe jo net) oder eventuell onbezuelten Zommen. Dir kritt dës Kautioun zeréck, wann Dir d’Wunneng verloosst, nodeems den Zoustand vun der Wunneng bei engem Etat des lieux iwwerpréift ginn ass. Fir Iech ass et also wichteg, dass virun Ärem Eraplënneren den Etat des lieux opgestallt gëtt, deen esou präzis an detailléiert wéi méiglech ass, an dee vun Iech an Ärem Proprietaire ënnerschriwwe gëtt. D’Zënsen vun der Garantie stinn Iech zou.

Location1A regelméissegen Ofstänn musst Dir Ärem Proprietaire Chargë bezuelen: Entretien vun de gemeinschaftlechen Deeler, Heizung, Stroum, Poubellen, jee nodeem. Hie muss Iech e Justificatif fir déi gefuerdert Zomme ginn an entweder Facturen oder de Relevé vum Syndic virleeën.

Är Wunneng ass Äert Doheem. De Proprietaire däerf net ouni valabele Grond, wéi zum Beispill eng dréngend Reparatur, erakommen, an a kengem Fall ouni Ären Accord oder wann Dir net do sidd. Dir kënnt och invitéieren, ween Dir wëllt, souwäit Är Party d’Noperen net zevill stéiert.

Wa mer scho vu Reparature schwätzen, déi „grouss Reparaturen“ (Heizung, Elektresch, Waasser, Equipementer, déi vun Ufank un do waren…) sinn à charge vum Proprietaire. Kleng Entretiensreparaturen (Biren, Botzen, Krinn, asw.) musst Dir iwwerhuelen.

D’Lëtzebuerger Gesetz gesäit vir, dass e Locataire seng Wunneng ënnervermiete kann.1 Dës Dispositioun ass nëtzlech, wann Dir d’Wunneng mat engem Matbewunner/enger Matbewunnerin deele wëllt oder wann Dir zum Beispill fir e Mount fort sidd. Opgepasst: A verschiddene Mietverträg ass d‘Sous-Locatioun verbueden; wann dat bei Iech de Fall ass, kënnt Dir net ënnervermieten. Et ass op alle Fall ëmmer besser, Iech mat Ärem Proprietaire ofzeschwätzen.

A schliisslech sollt Dir och net vergiessen, eng Locatiounsversécherung ofzeschléissen! Als Locataire musst Dir eng Assurance ofschléissen, fir Är Saachen ofzesécheren. Si schützt Iech am Fall wou d’Wunneng, an dat wat dran ass, duerch en Incident beschiedegt géif.

Fir de perfekte Start an Ärt neit doheem, huet BGL BNP Paribas fir Iech d’Offer Jeun’Appart’:

  • mat der Assurance AxiHome
  • enger Locatiounsgarantie, mat oder ouni Depôt vun enger Kautioun vun Ärer Säit,
  • e Prêt fir bis zu 5.000 EUR zum Taux vun 3,60% op maximal 36 Méint fir Är éischt Depensen      ofzedecken an Iech gemittlech ze installéieren.

 

1 Artikel 1717 vum Code civil. Méi Infoen op http://www.droit.lu/wp-content/uploads/Nouveau-Bail-medium.pdf, Säit 69, Art.148

Kontaktéiert eis