BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 20.10.2011

Wunnen

Ass baue méi deier wéi renovéieren?

Bauen? Kafen a renovéieren? Dat ass d’Fro, déi Dir Iech grad stellt!

1. Äert éischt Eegenheem

Säin éischt Eegenheem ze finanzéieren ass net ëmmer evident. Wann Dir net iwwert e confortabelen Apport verfügt, deen Iech et erlaabt, e Prêt fir de Kaf oder de Bau vun Ärem Dramhaus opzehuelen, kann de Staat Iech dobäi hëllefen, Äre Prêt ze garantéieren, wann Dir net déi néideg Garantie kënnt virleeë fir e Prêt fir de Bau, de Kaf oder d’Renovatioun vun enger Wunneng ze kréien.
De Grand-Duché bitt och eng ganz Rei vu Bäihëllefen un:

  • D’Prime à la construction: eng Kapitalhëllef vum Staat, déi ee fir de Bau oder de Kaf vun enger Wunneng, déi fir d’éischte Kéier bewunnt gëtt, kréie kann,
  • D’Prime à l’acquisition: eng Kapitalhëllef vum Staat, déi ee fir de Kaf vun enger Wunneng kréie kann, déi scho virdru bewunnt war,
  • D’Prime d’amélioration: eng Kapitalhëllef vum Staat, déi ee fir de Finanzement vun der Renovatioun vun enger Wunneng kréie kann,
  •  D’Prime d’épargne: eng Kapitalhëllef vum Staat, der hire Montant den Zënsen a Primmen entsprécht, déi op Äre Spuerkont iwwerwise ginn.

2. Bauen oder renovéieren?

a) Wat bedeit bauen?

Vergiesst net, datt Äre Projet mam Kaf vum Grondstéck a mam Ufroe vun  de Baugenehmegungen ufänkt, an datt dëst heiansdo eng laang a schwiereg Prozedur ka sinn.
Fir d‘Wiel vum Architekt an der Baufirma sollt Dir Iech berode loossen, fir déi Léisung ze fannen, déi am beschte bei Är Dreem a bei Äre Budget passt.
Mat der Prime d’architecte an/oder d’ingénieur-conseil, déi vum Staat accordéiert gëtt, kënnen dës Käschten an Honorairen zum Deel kompenséiert ginn.
Wann de Bau bis amgaang ass, da vernoléissegt virun allem net de Suivi vun Ärem Projet, et ass een ni sécher virun „Iwwerraschungen“, déi en Afloss op d’Liwwerung vun Ärem Objet kéinten hunn.

b) D’Renovatioun vun enger Immobilie, eng schwiereg Entreprise?

Et sief dann, Dir hätt Iech an eng Ruin verléift, déi praktesch muss nei opgebaut ginn ;-), hutt Dir de Virdeel, datt Dir am Haus liewen an et no an no ariichte kënnt, ganz no Ärem Budget an Ären Dreem. Sech an eng Renovatioun ze lancéiere kann heiansdo e liewenslaange Projet sinn, deen ni ofgeschloss ass, well wat Dir d’Aarbechte méi an d’Längt zitt, wat Dir méi Aarbecht hutt, an domat och méi Dépensen… D’Prime d’architecte an/oder d’ingénieur-conseil vum Staat gëllt och fir Renovatiounen.

Et gi keng Regelen, huelt Iech gutt Zäit fir z’iwwerleeën, fir Är Wënsch un Är Moyenen unzepassen an Äre Finanzementsplang virzebereeden, ier Dir Iech an eent vun de gréissten Abenteuer aus Ärem Liewe stierzt!

Kontaktéiert eis