BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 30.01.2017

Sech deplacéieren

Mobilitéit : Eng Occasioun oder en neien Auto?

Et ass decidéiert: Dir kaaft Iech en Auto! Dir wësst just nach net, ob Dir Iech en neien Auto oder eng Occasioun uschafe sollt…

Dës Entscheedung ass net onbedéngt einfach…

AutoD’Occasioun: gutt fir de Portemonni

Wann een nëmmen een eenzegen Avantage nenne misst, fir en Occasiouns-Auto ze kafen, da géif ee wahrscheinlech „de Budget“ soen. Eng Occasioun erlaabt engem effektiv, en Auto aus enger méi héijer Gamme fir de selwechte Präis ze kréien, deen e méi einfache Modell nei kascht.

Ausserdeem ass et bei Occasioune méiglech, e voll equipéierten Auto ze kafen, während Dir Iech bei deenen neien Autoe mam Modell ouni Optiounen, also mam Basismodell, misst zefridde ginn. Nieft dem Kafpräis däerf een awer och net d’Niewekäschten aus den Ae verléieren, besonnesch d’Versécherung: Ären Assureur freet selbstverständlech manner fir d’Assurance vun enger Occasioun wéi fir déi vun engem neien Auto. Och dat ass en iwwerzeegend Argument fir eng Occasioun 😉

Hei e puer Rotschléi, fir eng Occasioun ënnert de beschtméigleche Konditiounen auswielen ze kënnen:

  • Vergläicht d’Präisser mam Ausland: An Däitschland zum Beispill sinn d’Occasiounen am Allgemengen 10 bis 15 % méi bëlleg…
  • Liest déi kleng Annoncen, a maacht dëst virun allem iwwert e puer Wochen fir „e Gefill fir de Marché ze kréien“: kuckt ob d’Autoen, déi Dir sicht, séier fortginn, ob hire Präis erofgeet, asw. Duerch dës Recherchë kritt Dir och eng genee Virstellung vum Wäert vun deem Auto, deen Dir sicht. Et ginn och vill Sitten, déi kleng Annoncë fir Autoe proposéieren. Zu deene bekanntesten zielen Luxauto.lu, Driving.lu oder och AutoScout24.lu.
  • Informéiert Iech gutt beim Verkeefer iwwert dem Auto seng Virgeschicht. Rechnunge vum Garage an/oder en ausgefëllte Carnet d’entretien garantéieren, dass gutt nom Auto gekuckt ginn ass
  • Kuckt Iech den Auto ganz genee un an test all d’Equipementer. Et ka ganz nëtzlech sinn, wann Dir e Kolleg, dee Mecanicien ass, mathuelt: duerch seng Erfahrung kënne béis Iwwerraschungen zu 99 % verhënnert ginn.
  • Bei ze vill gudden Affäre sollt Dir skeptesch sinn! Autoe mat extrem niddrege Präisser hunn oft scho vill Kilometer erof a riskéieren, héich Reparatur- oder Entretienskäschten ze verursaachen. Domat sinn déi Suen, déi ee beim Kaf gespuert huet, eventuell erëm verluer.

En neien Auto: méi deier mee duerfir och méi e grousst Gefill vu Sécherheet

De Kafpräis an d’Versécherung vun enger Occasioun si wuel méi niddreg wéi déi vun engem neien Auto, Dir däerft awer net vergiessen, dass de Constructeur Iech bei engem neien Auto eng Garantie vun 2, 3 oder souguer 7 Joer gëtt! Während där ganzer Zäit sidd Dir géint all Garage-Käschten (mat Ausnahm vun Ofnotzungs- a lafenden Entretienskäschten) ofgeséchert.

Wann Dir bei Äre Concessionnaire gitt, fir en neien Auto ze kafen, sidd Dir vollkomme fräi an Ärem Choix an Dir kënnt den Auto ganz no Äre Virstellungen (an no Ärem Budget) personaliséieren. Ween „neien Auto“ seet, soll jo och „Pleséier“ soen.

E weidere wichtege Virdeel, deen oft vergiess gëtt: en Auto, deen een nei kaaft huet, ka méi liicht weiderverkaaft ginn, wéi een, dee schon zwee oder dräi Mol de Proprietaire gewiesselt huet…

E puer Rotschléi:

  • Ier Dir Ären zukünftegen Auto erauswielt, sollt Dir Iech grëndlech iwwer déi Marken a Modeller, déi Iech interesséieren, informéieren. Frot bei Äre Frënn a Bekannten ëm Rot, liest d’Fachpress, consultéiert d’Foren um Internet, asw. … Renseignéiert Iech besonnesch iwwer folgend Punkten: Verbrauch, Leeschtung, Sécherheet, Tariffer, Equipementer,…

Kontaktéiert eis