BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

STARTIN’ FINANCE 2018 – 2019

Finanzbildungs-Programm vu BGL BNP Paribas

ENTDECKT D’BANKEWELT ZESUMME MAT ÄRER KLASS

Presentatiounen, Atelieren, Visitten a Konferenzen.

Zënter e puer Joer dréit BGL BNP Paribas mat hirem gratis Programm Startin’ Finance aktiv zu der Finanzeducatioun vun de Lycéesschüler bäi. Dëse Programm, dee sech u Lycéesschüler an hir Proffen adresséiert, ëmfaasst eng ganz Rei vu Presentatiounen, Atelieren, Visitten a Konferenzen. Eist Zil ass et, déi Jonk fir d’Finanzeducatioun ze sensibiliséieren an hinnen d’Méiglechkeet ze ginn, verschidde Beruffer ze entdecken, déi si fir hiert spéidert Beruffsliewen interesséiere kéinten.

Dëse Programm ass haaptsächlech fir d’Klasse vun 2e an 1re.

D’VISITTEN

Kommt an entdeckt!

Loosst Iech während der Dauer vun enger Visitt hannert d’Kulisse vun der Bank féiere, fir hire Fonctionnement ze verstoen. Folgend Visitte ginn ugebueden :

PRESENTATIOUNEN A WORKSHOPS

D’Bank mécht hir Diere fir Iech op!

All d’Presentatiounen, Atelieren, Visitten a Konferenze gi vun Experten an hirem jeeweilege Beräich ofgehalen, an doduerch kréien Är Schüler déi richteg Äntwerten op d’Froen, déi si sech iwwert d’Bankewelt stellen. Folgend Presentatiounen an/oder Ateliere ginn ugebueden:

  • De Marketing an d’Kommunikatioun (60 Min)
  • De Marketing an d’Kommunikatioun + Atelier (60 Min + 30 Min)
  • D’Ressources Humaines (60 Min)

KONFERENZEN

Eisen Chief Economist hält zwou Konferenzen*, eng op Franséisch an eng op Englesch iwwert d’wirtschaftlech Aktualitéit, bei där folgend Themen ugeschnidde ginn: d’Wuesstems- an Inflatiounsperspektive fir d’Weltwirtschaft (Euro-zone, Amerika a Schwellelänner), d’Erausfuerderunge fir d’Zentralbanken an d’Haaptgefore fir d’Weltwirtschaft :

  • Mëttwoch, de 16. Januar 2019 op Franséisch vun 9 bis 11 Auer
  • Donneschden, de 17. Januar 2019 op Englesch vun 9 bis 11 Auer