BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Offer Startin’ Fräiberuffler vun BGL BNP Paribas


Eis Conseillere stinn Iech gär zur Verfügung fir Iech ze begleeden an Iech bei Ärer éischter Installatioun ze beroden.
Weist eis Äre Projet! Diskutéiert mat engem vun eise Beroder doriwwer.

Eis Gesamtoffer fir Fräiberuffler fannt Dir op eisem Site.

D’Léisunge vu BGL BNP Paribas fir e perfekte Start

Fir Är lafend Aktivitéit ze geréiere proposéiert BGL BNP Paribas Iech e Compte Courant à la Carte. deen Iech grouss Flexibilitéit an optimal Personalisatiounsméiglechkeete bitt.
Nieft deene wichtegste Funktioune kënnt Dir och nach aner zousätzlech Servicer fräi erauswielen. Äre Beroder orientéiert Iech opgrond vun Äre spezielle Besoinen. All Service gëtt eenzel fakturéiert, domat hutt Dir eng ganz transparent Iwwersicht iwwert Är Käschten.

Fir Är lafend Käschten: d’Avance à vue*

  • Debits-Autorisatioun op Ärem Compte courant, déi einfach a flexibel ass
  • D’Verwendung vun de Sue muss net justifiéiert ginn
  • Lafend Käschte kënnen esou séier gedeckt ginn

Fir déi éischt Investissementer vun Ärer Installatioun ze finanzéieren: den Investitiounskredit*

  • Domat kënnt Dir gréisser Investissementer fir Är Installatioun finanzéieren
  • D’Remboursementsdauer kann un Är Besoinen ugepasst ginn

D’Avantagë vu BGL BNP Paribas
Fir de Finanzement vun Ären Equipementer ze optiméieren: Leasing*

    • Eegent sech fir all Typ vu Finanzement: Firmenauto, professionell Equipementer oder Ariichtungen (medezinesch Installatioun, Bürosariichtung, asw.)
    • Dir kënnt vun engem topmodernen Equipement profitéieren, ouni Är eege Fongen engagéieren ze mussen
    • Finanzement a Form vu Loyeren, déi Dir steierlech ofsetze kënnt
    • Kafoptioun um Enn vum Kontrakt

Virbereedung op mäi Gespréich mat mengem Finanzberoder

    • Mir kontaktéieren Iech
      • Fir Iech et méi einfach ze maachen, kann ee vun eise Spezialisten Iech uruffen, fir op Är Froen ze äntweren.
    • Dir kontaktéiert eis
      • Dir kënnt online e Rendez-vous ausmaachen oder eis iwwer E-Mail kontaktéieren
      • Fir weider Informatiounen ass e Beroder vu méindes bis freides op der Nummer (+352) 42 42-2000 fir Iech do

Fir e konstruktiven Echange ass et wichteg, folgend Elementer genee beschreiwen ze kënnen:

    • de Standuert vun Ärer Aktivitéit
    • d’Specificitéite vun Ärer Aktivitéit
    • d’Kontakter, déi bestinn oder nach hirzestelle sinn
    • d’administrativ Demarchen, déi schon um Lafe sinn
    • d’materiell a mënschlech Moyenen, déi fir de Fonctionnement vun der Aktivitéit néideg sinn

Dëst ass och eng gutt Geleeënheet fir Äre Beroder, fir Iech (an Är Beruffserfarung) kennen ze léieren a sech e Bild vun Ärer Kapazitéit, fir eng Entreprise ze leeden, ze maachen.

Et ass wichteg, Äert Gespréich mat Ärem Beroder gutt virzebereeden. Denkt drun, all d’Dokumenter fir d’Analys vun Ärem Dossier zesummenzedroen, fir datt Äre Beroder Är Solvabilitéit bewäerten an Äre Projet verstoen a kloer anuerdne kann.

Eisen Tipp

  • Denkt zum Beispill drun, e Plang vun de Raimlechkeeten, déi Dir finanzéiere wëllt, d’Devisë fir d’Apparater oder d’Miwwelen, déi musse finanzéiert ginn, matzebréngen, … Äre Beroder schwätzt mat Iech iwwert alles wat néideg ass, datt Är Entreprise gutt funktionéiert, zum Beispill d’Ouverture vun engem oder méi Bankkonten, Bankkaarten, Leasing, asw
  • Schwätzt mat Ärem Beroder och roueg iwwert Är privat Besoinen.

* Ënnert der Reserve vun der Akzeptatioun vun Ärem Dossier.



Kontaktéiert eis