BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Offer Startin’ Beruffsufänger vu BGL BNP Paribas


Mam éischte Salaire änneren d’Erwaardungen un eng Bank. Fir Iech en optimale Start an d’Beruffsliewen ze erméiglechen, bitt Startin‘ Jeunes Actifs (18-29 Joer) Iech Solutiounen un, mat deenen Dir Äert Akommes an Är Ausgabe ganz einfach geréiere kënnt.

Äre Startin’-Kont Beruffsufänger

  • e Compte courant fir d’alldeeglech Gestioun vun denge Bankoperatiounen
  • eng Debitskaart V PAY an eng Kreditskaart, fir zu Lëtzebuerg an iwwerall an Europa anzekafen an opzehiewen
  • Web a Mobile Banking fir deng Konten ze suivéieren
  • Ouni zousätzlech Käschten, Suen ophiewen op alle Bankomater vu BGL BNP Paribas zu Lëtzebuerg, Groupe BNP Paribas an der Eurozone a bei der Deutsche Bank an Däitschland.
  • Eng Reduktioun vun 3 Euro op all Trajet mam Night Rider-Bus wann’s du deng Kaart vu BGL BNP Paribas weis
  • Eng Reduktioun vu 5 % 1) op den Cours’en vun EF. Entdeckt d’Offer vun EF op ef-luxembourg.lu (http://www.ef-luxembourg.lu/)
  • Fräiheeten, mat denen Dir d’Méiglechkeet hutt, aner Bankproduiten je no Äre Bedierfnesser derbäizewielen.

* Offer u Konditiounen an un d’Acceptatioun vum Dossier gebonnen. D’Domiciliatioun vun der Pai ass eng Konditioun, fir datt dës Offer gratis ass.

Eis Appen

  • Web Banking (tablette Android / iPad, iPhone, Smartphone Android) fir eng optimal Gestioun vun Äre Suen
  • CashPoints (iPhone) fir eis Agencen a Bankomaten ganz einfach zu Lëtzebuerg ze fannen
  • Dr.Job (iPhone) fir Iech optimal op Virstellungsgespréicher virzebereeden
  • Digicash (Android / iPhone) fir Är Akeef a Rechnungen schnell per Smartphone bezuelen ze kënnen

Spuerenkonten

De Spuerkont fir Jonker  ass mat engem besonnesch gënschtegen Zënssaz den ideale Kont, wann Dir spuere wëllt, d’Suen awer weiderhi fir onerwaarten Ausgaben verfügbar bleiwe sollen.

De Bauspuervertrag  ass eng interessant Spuerformel, déi Iech erlaabt, e gewëssent Kapital opzebauen an domat no enger festgeluechter Zäit en Immobilieprêt mat engem gënschtegen Zënssatz ze kréien.

Easinvest  leet Är Erspuernisser automatesch a Sicaven un an erlaabt Iech domat, Är Zukunft virzebereeden. Dir bestëmmt, wéi e Betrag Dir a wéi eng Fongen investéiere wëllt!

Entdeckt all eis Spuerformelen op bgl.lu.

Prêt Personnel

En Auto, eng Hochzäit oder eng Vakanz? De Prêt personnel vu BGL BNP Paribas bitt de Beruffsufänger e besonnesch gënschtegen Zënssaz a flexibel Remboursementszäiten, fir dass Dir Är Projeten realiséiere kënnt.

Luet eis iPhone-Applikatioun  ‘Simul1prêt’ erof, fir eng Simulatioun duerchzeféieren.

Wunnraum kafen

Wann Dir Iech direkt eng Wunneng uschafe wëllt, proposéiert d’BGL BNP Paribas Iech Immobilieprêten, déi besonnesch flexibel sinn a sech un Är Remboursementskapazitéiten upassen. Besonnesch wat staatlech Hëllefen ubelaangt, kënnen eis Beroder fir Jonker Iech zur Säit stoen.

Donieft ass och de Bauspuervertrag eng interessant Spuerformel déi Iech erlaabt, no enger festgeluechter Zäit en Immobilieprêt mat engem gënschtegen Zënssaz ze kréien.

Locatiounsgarantie vun engem Logement

Wann Dir Iech fir eis Offer Startin’ Beruffsufänger entscheet, stellt d’BGL BNP Paribas Iech  d’Locatiounsgarantie*  fir e Logement zu Lëtzebuerg ouni Kautioun vun Ärer Säit zur Verfügung. Dir braucht dëse Betrag also net méi op Ärem Kont ze blockéieren.

* Maximale Betrag vu 4.500 EUR fir eng Locatiounsgarantie ouni Kautioun

Zukunft ofsécheren

D’BGL BNP Paribas proposéiert Iech OptiSave Easy , e Liewensversécherungsvertrag, mat deem Dir op eng regelméisseg a flexibel Manéier e Spuerverméige mat attraktiven Zënskonditiounen opbaue kënnt.

Entdeckt och OptiPension , eng Altersversécherung déi net nëmme flexibel mee och finanziell interessant ass a vum besteierbaren Akommes  kann ofgesat ginn.

Eis komplett Offer fannt Dir op eisem Internetsite bgl.lu

BGL BNP Paribas S.A., 50 avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, Tél. (+352) 42 42 -1, Fax (+352) 42 42-2579