BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 18.08.2014

Meng Finanzen

Wéi geréiert ee seng Pai am beschten?

Déi alleréischte Kéier…

PARIS_STREET_01_066Déi éischte Kéier, wou ee säi Paiziedel an der Hand hält, ginn engem ganz widderspréchlech Gedanken duerch de Kapp: Freed „Wow! Mat deem Geld kann ech endlech emol volltanke goen“; Zweiwel „Hm, hu se do net vergiess mer eng Iwwerstonn ze rechnen?“ an natierlech Iwwerraschung „Netto, brutto, Cotisatioun?! Wat bedeit dat alles?!“

Éischte Reflex: Kontrolléieren, ob all d’Poste richteg sinn. Rdv um Site vun der Steierverwaltung, wou den Inhalt vun engem Paiziedel am Detail erkläert gëtt.

Wichteg: Versuergt all Är Paiziedelen, egal wéi al se sinn. Si si ganz nëtzlech bei der Berechnung vun der Pensioun,… dat heescht, wann Dir eng kritt, liest d’Suite vum Artikel also genee duerch!

Eng gutt Gestioun vu sengem Kont, fir net an déi rout Zuelen ze geroden

Et ginn zwou Kategorië vu Leit am Liewen: déi, déi nach bei hiren Eltere wunnen (déi nenne mer „déi Glécklech“), an déi, déi decidéiert hunn op eegene Been ze stoen (déi nenne mer „déi Erwuessen“). Wann Dir zu der 2. Kategorie gehéiert, dann hu mir hei e puer Tipps fir Iech:PARIS_STREET_01_185

  • E Budget opstellen! Op där enger Säit Äert Akommes (Är Pai)  an op där anerer Säit d’Ausgaben (Loyer, Stroum, Waasser, Assurancen, Transport, Remboursement vum Studenteprêt an Auto,…).Wann Är Ausgabe méi héich si wéi Är Pai bedeit dat, dass Dir iwwert Äre Moyene lieft. Zwou Léisungen: méi schaffe fir méi ze verdéngen oder awer Äre Liewensstandard e bëssen erofschrauwen.
  • Iwwerpréift Äre Kont e puer Mol am Mount iwwert de Web Banking zum Beispill. Domat kënnt Dir Äre Budget suivéieren an eventuell Derapagë kontrolléieren oder och anormal Bewegungen opdecken (dach, dach, dat kënnt vir, besonnesch wann Ären Anti-Virus net à jour ass!)
  • Optéiert fir automatesch Ofbuchungen: da braucht Dir Iech net méi all Mount de Kapp ze zerbriechen ob déi eenzel Prestatairë bezuelt gi sinn. Et ass ganz einfach anzeriichten: Dir braucht nëmmen e RIB (Relevé d’identité bancaire) an da musst Dir d’Autorisatioun fir d’Ofbuchen ënnerschreiwen.

Wann Dir gutt mat Ärem Budget eens gitt, da sidd Dir prett fir déi drëtt a lescht Partie vun dësem Artikel…

PARIS_STREET_01_251D’Zukunft duerch spueren ofsécheren

E super Mountainbike? Eng Vakanz op der belscher Plage? Eng Pai ze hu bedeit, Sue fir Är Projeten (oder Är geckeschsten Dreem) op d’Säit leeën ze kënnen. Dat hëlleft Iech och am Fall vu méi schwéieren Zäiten. Bei deene meeschte Banken zu Lëtzebuerg profitéiere jonk Leit ënner 30 Joer vu gënschtege Konditiounen op hirem Spuerkont.

Gutt ze wëssen: Wann Dir e Bien immobilier kafe wëllt, ass den Apport vun Eegemëttel en Argument, deem wéineg Banquiere widderstoe kënnen! Wat Ären Apport méi grouss ass, wat Dir méi Chancen hutt, Ären Taux ze negociéieren!

Soubal et Iech gelongen ass, den Equivalent vu 4 oder 5 Paien ze spueren, sollt Dir drun denken, Äert Verméigen ze diversifiéieren, fir Iech eng gemittlech Zukunft an der Sonn ze sécheren …oder op der belscher Plage:) Mä dat ass eng aner Geschicht…

Autor vum Artikel: Amélie Aggouni, Employée vu BGL BNP Paribas

Kontaktéiert eis