BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 21.03.2012

Meng Finanzen

Vu wéini u soll een u seng Pensioun denken?

Dir hutt Ären éischten Job kritt, Dir fänkt un, Pläng fir d’Zukunft ze maachen, mee Suergen ëm d’Pensioun, déi nach méi wéi 30 Joer ewech ass, maacht Dir Iech definitiv keng! An awer sollt Dir haut schonn ufänken, Iech dofir ze interesséieren! A wéi engem Alter soll ee mat Spueren ufänken, wéi gesinn déi verschidden Etappen aus a wéi eng Feeler soll ee vermeiden, wann een sech eng gemittlech Pensioun séchere wëll?

Mir ginn Iech hei e puer Äntwerten op all déi Froen, fir dass Dir méi kloer gesitt, wéi eng Léisungen et ginn, fir sech seng Pensioun ze sécheren 😉

Firwat soll een un d’Pensioun denken, wann een nach jonk an aktiv ass?

Wann een d’Aarbechtswelt verléisst, geet engem säin Akommes ëm 40 % erof, an dat bedeit och zeréckschrauwen, wat de Liewensstandard ubelaangt. Et ass also wichteg, dës radikal Ännerung am Viraus ze plangen! Fir net esou brutal an de Keller ze falen, soll een esou fréi wéi méiglech u seng Pensioun denken, oder op d’mannst driwwer nodenken, wann een an d’Beruffsliewen antrëtt.

A. Wat a wéi engem Alter maachen?

25 Joer: spueren an awer flexibel bleiwen

Mat 25 Joer ass et logesch, dass een net onbedéngt u seng Pensioun denkt. Bei der aktueller wirtschaftlecher Entwécklung ass eng gewësse Virsiicht awer net vu Muttwëll. Den Defizit, dee bei den allgemengen an den Zousazpensiounen ëmmer méi klëmmt, an d’Alterspyramid, déi am Gaang ass sech ëmzedréinen, sinn effektiv Warnsignaler fir d’Beruffsufänger, eppes ze ënnerhuelen, fir hiert Akommes um Enn vum Beruffsliewen ofzesécheren.

Et muss een sech fir de weidere Verlaf vu sengem Beruffsliewen also gutt organiséieren: d’Dokumenter versuergen, mat deene fir d‘Pensioun ka cotiséiert ginn (120 Méint an der obligatorescher Altersversécherung), d.h. d’Aarbechtskontrakter, d’Paiziedelen, d’Certificaten iwwert Aarbecht am Ausland …

Um finanzielle Plang muss een oppassen, wéi eng Finanzproduiten ee wielt: verschidden Optioune maachen et effektiv méi schwéier, Suen opzehiewen a blockéieren domat eventuell Investitiounen (zum Beispill de Kaf vun engem Appartement oder d‘Grënnung vun enger Entreprise).

30 Joer: laangfristeg denken

Dir stitt matzen am Beruffsliewen! Et ass elo also wichteg erauszefannen, wéi eng Optiounen Dir am Beräich Rentespueren hutt:

– Iwwert en Immobilie-Prêt an en Haus oder Appartement investéieren, fir sech e Patrimoine immobilier opzebauen a sech en Daach iwwert dem Kapp ze sécheren, wann een an der Pensioun ass.

Bauspueren: e Spuerkont, iwwert deen en Haus oder Appartement soll finanzéiert ginn a bei deem Dir och nach vu steierleche Virdeeler profitéiert (1.344 EUR pro Joer/Persoun <41 Joer) . Wann Dir Iech net direkt an de Kaf vun engem Haus oder Appartement stierze wëllt, kënnt Dir duerch Bauspueren ufänken, Suen op d’Säit ze leeën.

Rentespueren: heimat kënnt Dir e Kapitalbetrag oder eng Leifrent kréien, wann Dir an d’Pensioun kommt oder vum Alter vu 60 Joer un.

Ënnert bestëmmte Konditioune kënnt Dir vu steierleche Virdeeler profitéieren: d’Lëtzebuerger Residenten an déi „assimiléiert“ Residenten hunn Usproch op Steierofzich. Ënnert „assimiléiert“ versteet d’Gesetz eng Persoun, déi net zu Lëtzebuerg wunnt an déi op d’mannst 90 % vun hirem lëtzebuergeschen an auslännesche berufflechen Akommes am Grand-Duché erwirtschaft. Sou kënnt Dir, ofhängeg vun Ärer perséinlecher Situatioun, Ärem Alter an der Zesummesetzung vun Ärem Stot bis zu 3.200 Euro op Ärer Altersversécherung ofsetzen.

Et ginn och nach aner Investitiounsméiglechkeeten, wéi zum Beispill:

strukturéiert Produiten: eng interessant Alternativ zum klassesche Spueren, mat där Dir d’Finanzproduiten diversifiéieren an Aktien, Devisen oder Zënssaz-Produite matenee kombinéiere kënnt.

Investmentfongen: déi ideal Léisung fir eng Gestion de portefeuille duerch erfuere Spezialisten, mat där Dir Äre Portefeuille diversifiéiere kënnt an doduerch ganz flexibel bleift.

Versécherungsproduiten: eng Léisung, déi Protektioun an Investitioun harmonesch matenee verbënnt.

Zu Lëtzebuerg huet ee vun zwee Beruffstätege schonn ugefaangen, seng Pensioun virzebereeden, an d’Leit sinn sech ëmmer méi fréi bewosst, wéi wichteg dat ass. Den Duerchschnëttsalter, wou d’Virbereedungen ufänken, läit bei 32 Joer.

B. D’Erspuernisser equilibréieren

Zu all Moment vu sengem Beruffsliewen ass et wichteg, seng Erspuernisser ze diversifiéieren, well doduerch en Zousazakommes ka geséchert ginn.

Liquiditéit

Et ass immens wichteg, iwwer Liquiditéiten ze verfügen, fir Schicksalsschléi oder onerwaart Depensë kënnen opzefänken. Wann ee weess, dass de Verkaf vun engem Haus oder Appartement zwee oder dräi Méint dauert, ass et besser, seng Liewensversécherung oder Aktien, déi praktesch direkt kënne verkaf ginn, spillen ze loossen.

Diversifikatioun

All d’Verméigensexperte konfirméieren Iech, wéi wichteg et ass, seng Erspuernisser op Aktien, Obligatiounen, Geldproduiten an Immobilien opzesplécken. Et ass och besser, wann een sech fir eng flexibel an entwécklungsfäheg Gestioun entscheet, well een sech muss bewosst sinn, dass een dës Gestioun fréier oder spéider delegéiere muss.

Risiko

Behaalt e klengen Undeel un Aktien, fir Ärem Verméigen e bësse Schwong ze ginn an Är Kafkraaft ze erhalen, vergiesst awer och net Finanzproduiten an aner Liquiditéiten, déi Iech erlaben, séier op onerwaarten Evenementer am Liewen ze reagéieren.

Am Resumé sief also gesot, dass et wichteg ass, zu all Alter u seng Pensioun ze denken, soubal een an d’Beruffsliewen antrëtt. Am Verlaf vun Ärer Carrière wäert Dir ënnerschiddlech Ziler a Besoinen hunn, Dir sollt Iech awer ëmmer Gedanken iwwert Är Pensioun maachen, fir dass Dir an dëser entscheedender Zäit iwwer genuch Akommes verfügt. Well och wann de gesetzleche Pensiounsalter bei 65 Joer läit, trieden an der Praxis zu Lëtzebuerg d’Leit am Duerchschnëttsalter vun 58 Joer an d’Pensioun.

Kontaktéiert eis