BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 15.10.2014

Gesondheet

Téi op der Aarbecht?!

111106_MS_MY_335D’Temperature falen, den Hierscht ass erëm do… Ass et Iech no e bësse Wäermt, fir deem éischte Frascht entgéintzewierken?

E waarmt Gedrénks ass ëmmer eng gutt Geleeënheet fir eng sympathesch Paus ze maachen.

Do denkt een da spontan u „Kaffi“, mä wousst Dir, dass et och ganz einfach ass, Téi um Büro ze preparéieren? Op deene meeschten Automaten, déi och waarm Gedrénks ubidden, kritt een och waarmt Waasser, oft souguer gratis. Da braucht Dir nëmmen nach eng Taass an natierlech Téi.

Jo, mä wéi en Téi? Et ginn der Honnerten, an alle méigleche Formen: parfüméiert oder natur, schwaarz, gréng, am Sachet oder am Lassenen… Do ass e klenge Guide net vu Muttwëll!

Parfüméierten Téi fënnt ee ganz liicht an de grousse Geschäfter an an eise Stied dauchen ëmmer méi Téibutteker op. Beim parfüméierten Téi heescht et awer oppassen, dat sinn oft Téiblieder vun niddreger Qualitéit bei deenen de Hirsteller künstlech Aromastoffer bäisetzt. … Wourunner kann een déi erkennen? Wann de Geroch ganz staark a markéiert ass, ass dat oft en Indiz fir chemesch Aromen. Mat all de Risiken, déi dat fir d’Gesondheet bedeite kann… Et fënnt een awer och natierlech parfüméierten Téi, zum Beispill Jasmintéi: Hei ginn d’Bléien einfach bei d’Téiblieder bäigesat a parfüméieren deen duerch einfache Kontakt!

Den Naturtéi gëllt als méi schwéier zougänglech a méi komplizéiert ze preparéieren, dat ass awer e Mythos! Et brauch een net vill fir an dës grouss, passionnant Welt anzedauchen.

A villen Téibutteker gëtt Naturtéi ugebueden: Sencha (japanesche gréngen Téi), indesche rouden Téi (Darjeeling, Asam) oder souguer Pu-erh (post-fermentéierten Téi, deen oft aus China kënnt), Wulong oder Oolong (semi-oxydéierten Téi aus Taïwan).

Et kann een einfach domat ufänken, den Téi mat engem Filter ze infuséieren. Egal ob deen aus Metall oder Pabeier ass, de Filter ass einfach ze benotzen: Et fëllt een e mat engem Läffel lassenen Téi, daucht en an d’Waasser, waart e puer Sekonnen oder Minutten, jee no Téizort, léisst en ofdrëpsen a schonn ass den Téi prett!

hohin_2Verschiddener fannen zwar, dass e metallene Filter dem Téi e komesche Goût gëtt an dat delikat Aroma vun den héichwäertege Blieder maskéiert. An deem Fall kann ee sech fir en Téibecher mat Deckel entscheeden, déi een a gudde Geschäfter mat Kichenartikele fënnt. Et kann ee sech awer nach méi intensiv mam Téi befaassen, a sech en Infusiounsinstrument zouleeën, zum Beispill e Gaiwan (oder Zhong), dat ass e chinesescht Instrument, dat aus enger Coupe, engem Deckel an enger klenger Schuel besteet, oder en Hohin, eng Schnieweltaass aus Japan mat engem integréierte Filter an engem Deckel. All dës Objete fënnt een a gudden Téibutteker oder asiatesche Geschäfter, déi einfachst, aus wäissem Porzeläin, kritt ee scho fir e puer Euro.

gaiwan_1Et ginn och ganz wäertvoll handwierklech Objeten fir den Téi, dës Unikater kommen oft aus China oder Japan a ginn do vun bekannte Potieren op der Hand hirgestallt. Do betrëtt een dann awer eng aner Dimensioun!

D’Welt vum Téi ass riseg grouss, et kéint ee Säiten a Säiten doriwwer schreiwen… Awer dat Bescht fir erauszefannen, ob en Iech gefält oder net ass ëmmer nach en ze schmaachen, oder?

 

D’Kaffispaus duerch eng Téipaus ersetzen? Ech probéieren et op alle Fall:-)logo_best_bloggers

 

Dësen Artikel gouf geschriwen vum Séverine Pillon, Employee vu BGL BNP Paribas

 

 

 

Kontaktéiert eis