BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 29.08.2013

Fräiberuffler

Wéi kënnt Dir de Finanzement vun Ären Equipementer optimiséieren?

Fir Fräiberuffler déi de Finanzement vun hiren Equipementer wëllen optimiséiere bleift de Leasing eng exzellent Léisung.

De Leasing ass eng attraktiv Finanzementsléisung well si flexibel ass, e fixen Taux huet a steierlech virdeelhaft ass (virun allem fir de Bilan a fir de Barème vum Betrib senger Besteierung). E besteet aus der Locatioun vun Equipement aplaz vum Kaf. Wann de Kontrakt op en Enn kënnt, besteet d’Méiglechkeet den Equipement ze kafen (« Leasing mat Kafoptioun), en nees ze lounen oder en zeréckzeginn.

Firwat ass dat fir Fräiberuffler interessant?

Dës Finanzementsoptioun erméiglecht et, d’Besteierung duerch d’Reduktioun vun de Chargen op den Immobilisatiounen ze limitéieren. Lounen aplaz ze kafen erlaabt et, nëmmen d’Benotzung vum Equipement an net seng Usure an domat säi Wäertverloscht ze finanzéieren. Et ass eng gutt Léisung fir seng finanziell Chargen ze maîtriséieren a gläichzäiteg d’Méiglechkeet ze hunn, seng Equipementer einfach ze erneieren ouni Krediter ze immobiliséiere wann ee wéineg Apporten huet. D’staatlech Hëllefe bleiwe méiglech wéi fir klassesch Krediter.

An, wéi mir gesinn hunn, sinn d’Loyere während der ganzer Dauer vum Kontrakt fix a kënne vun de Steieren ofgesat ginn. Doduerch kann eng präzis Evaluatioun vun de finanzielle Chargë gemaach ginn an et ka vun engem séieren Amortissement profitéiert ginn. Et ass heiansdo méiglech vun degressive Loyeren ze profitéieren.

D’Loyere ginn och a Fonctioun vun der Aktivitéit vum Preneur a vu senger Situatioun definéiert. Et kënne Loyere mat méi oder manner laange Friste festgesat ginn: Loyere pro Mount, pro Trimester, pro Semester, pro Joer oder saisonal Loyere si méiglech (eventuell Majoratioun vum éischten).

Schlussendlech erlaabt dës Optioun d’Equipement um Enn zu engem virdeelhafte Präis ze kafen: fir de Reschtwäert, de Wäert vum Equipement um Enn vun der Locatioun.

Weider Informatiounen iwwer de Leasing op: bgl.lu

Wat kann e mat Leasing finanzéieren?

Vill verschidden Equipementer kënne geleast ginn: Gefierer, Informatiks- a Bürosmaterial, medizinescht Material, Miwwelen oder professionell Equipementer…

Jee nodeem wat Dir op dës Aart a Weis wëllt finanzéieren, kënnt Dir verschidde Leasingoptioune wielen:

  • finanzielle Leasing mat Kafoptioun: d’Saache gehéieren der Firma déi de Leasing proposéiert an et ass um Enn méiglech se zu engem kompetitive Präis ze kafen (Reschtwäert).
  • finanziell Locatioun ouni Kafoptioun: et geet hei nëmmen drëm dës Saachen, déi der Firma déi de Leasing proposéiert gehéieren, ze lounen. • operationnelle Leasing: d’Saach gëtt fir eng bestëmmten Dauer zu engem Präis deen am Viraus festgesat gouf ouni Kafoptioun um Enn zur Verfügung gestallt.
  • Immobilieleasing: et geet drëm, Immobilien déi gebaut ginn oder scho gebaut sinn ze finanzéieren.

Dir braucht Iech och net ëm den Entretien oder de Weiderverkaf ze këmmeren, well si komplett vun der Leasingfirma en Charge geholl ginn.

Interesséiert? Zéckt net fir de Site vu BGL BNP Paribas ze besichen oder huelt e Rendezvous an enger vun eisen Agencen.

Kontaktéiert eis