BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 15.03.2018

Daily Life

Selbstmotivatioun – wéi geet dat?

Sech selwer motivéieren, fir eng Plaz, e Stage ze fannen oder e Memoire ze schreiwen… Dat ass ëmmer eng schwiereg Situatioun, well Dir wësst, datt Dir en Zil erreeche musst, mä Dir sidd nach ze wäit dovunner ewech.

Wéi kritt ee sech opgerappt, wann näischt een undreift?
Dës kleng Rotschléi si leider keen Zauberstaf mee mat der Selbstmotivatioun ass et wéi mat allem, et muss ee fir d’éischt u sech selwer schaffen.

Wat ass eigentlech Selbstmotivatioun?

D’Motivatioun erlaabt all Mënsch, Exploiten sou efficace wéi méiglech ze realiséieren, souwuel kierperlech wéi och mental.
Et ass eng Rakéit, déi Iech an eng wäit entfernte Galaxie transportéiert 

Et ginn zwou Zorte vu Motivatioun: déi, déi vu bausse kënnt, an déi, déi vu banne kënnt.

Bei där, déi vu bausse kënnt, hänkt Ären Drang, Erfolleg ze hunn, haaptsächlech vun deenen aneren of. Dir laaft zum Beispill net mat där selwechter Vitesse wann Dir a Begleedung laaft, wéi wann Dir alleng sidd.
Dës Motivatioun ass méi schwéier ze kontrolléieren, well si hänkt gréisstendeels vum Bild of, dat Dir no bausse vermëttele wëllt.
Et gëtt och nach eng aner Zort vu Motivatioun, déi besser ze kontrolléieren ass: déi, déi vu banne kënnt. Déi nennt ee Selbstmotivatioun. Si ass d’Resultat vu verschiddene vun eise Fakultéiten, wéi zum Beispill d’Fantasie, d’Bewosstsinn an de Stolz, wäertvoll Elementer, déi eis erlaben, en Zil ouni vill Hëllef vun der Baussewelt ze erreechen. Fir Är eegen Zefriddenheet sidd Dir zum Beispill an der Lag en Zil ze erreechen, wat am Ufank onerreechbar geschéngt huet.

De Wee bei d’Zil

Mir weisen Iech hei e puer Tricker, wéi Dir duerch Selbstmotivatioun Äert Zil erreeche kënnt. Mee wéi mir virdu scho gesinn hunn, huet all Persoun eng aner Vue vun de Saachen, Rotschléi déi bei déi eng passen, mussen net onbedéngt och bei déi aner passen;-)
Mir hunn also versicht Pisten ze weisen, déi deene meeschte leie wäerten.

Mental:

1/ Konzentréiert Iech fir d’éischt emol op de Grond, deen Iech dozou dréift, en Zil wëllen ze erreechen, an op d’Konsequenzen. Iwwerleet Iech, wat dat deenen aneren – an Iech selwer – bréngt, wat Dir fille wäert, wann Dir Äert Zil erreecht hutt.

2/ Denkt elo emol am Contraire un d’Konsequenzen, wann Dir näischt maacht, an un d’Enttäuschung, déi domat verbonne kéint sinn. Dir fannt dann direkt déi néideg Energie, fir aktiv ze ginn!

3/ Erënnert Iech emol drunn, wéi Dir Iech gefillt hutt, wou Iech fir d’lescht eppes gelongen ass. Wëllt Dir dat Gefill net nach eemol erliewen?!

4/ Kuckt Iech Filmer un, déi Iech motivéieren an Är Emotiounen héichspruddele loossen, wéi zum Beispill Reportagen iwwer Héichleeschtungssportler.

5/ Sot Iech, datt Dir kee Choix méi hutt, datt den Zäitdrock ze grouss ass. D’Motivatioun ass eng abstrakt Saach, e Konzept, dat nëmmen existéiert, well mir eis et virstellen. D’Resultater vun Ären Aktioune sinn dogéint ganz reell…

6/ Ënnerdeelt Är Aufgaben a plangt se op engem visible Support. Leet Delaie fest, déi raisonabel awer och net ze vill einfach anzehale sinn, soss kënnt séier Langweil op.

7/ Betruecht Är Fräizäit als Belounung.
Dir profitéiert éischter vun enger Sortie, wann Dir eng Woch haart geschafft hutt, wéi wann Dir Iech et gutt goe gelooss an doduerch e schlecht Gewëssen hutt.

Kierperlech:

Konzentréiert Iech op déi positiv Effeten vum Sport, hei kënnt Dir nei Kraaft gewannen an Är Gedanke frësch organiséieren.

« Et gi keng hoffnungslos Situatiounen, et ginn nëmme Leit ouni Hoffnung » sot schonn de Victor Hugo. Mir hoffen, datt d’Wuert vun dësem Expert an eis Rotschléi Iech mat Adrenalin an Energie vollpompelen, fir datt Dir Är Ziler erreeche kënnt.

Kontaktéiert eis