BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 10.09.2017

Daily Life

Administratioun : Wat maache wann een seng Pabeiere verluer huet ?

Et hëlleft alles näischt, Dir hutt Ären Auto, Är Posch an d’ganzt Haus duerchwullt, Är Pabeiere si verschwonnen! Geklaut oder verluer, dat ass elo egal, dës Erfahrung ass immens onangenehm, ëmsou méi, well Är perséinlech Dokumenter och nach kënne mëssbraucht ginn…
1. D’Carte d’identité
Wann Dir se geklaut krut oder verluer hutt, musst Dir dat op engem Policekommissariat mellen, fir eng nei Kaart kënnen unzefroen.
Da musst Dir mat der Attestatioun vun der Police an enger rezenter Passfoto am richtege Format op d’Gemeng goen, an där Dir wunnt. Déi nei Kaart kritt Dir da bannent e puer Deeg.
Persounen, déi zu Lëtzebuerg wunnen awer net d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, mussen op d’Ambassade vun hirem jeeweilege Land goen.
2. De Pass
D’Demarchë sinn hei bal déiselwecht. Dir musst de Verloscht vun Ärem Pass schnell um Passbüro oder bei der Police mellen. Déi jeeweilig Plaz stellt Iech dann eng Attestation de perte/vol aus, déi Dir virleeë musst, wann Dir eng Demande fir en neie Pass am Passbüro zu Lëtzebuerg maacht.
3. D’Bankkaarten
Wann Dir Är Debits- oder Kreditkaart verluer oder geklaut kritt hutt, musst Dir direkt Oppositioun maachen, andeems Dir bei SIX (Centre de transferts électroniques) op der Nummer 49 10 10 urufft. Dëse Service ass ronderem d’Auer a 7 Deeg an der Woch disponibel.
Denkt awer drun, datt dir bei der Bank bannent 48 Stonnen eng Declaration de perte/vol vun der Police als Bestätegung areeche musst.
4. De Führerschäin
Dat hei ass méi einfach, well Dir net op e Policebüro goe musst, mä „nëmmen“ mat enger rezenter Foto bei de Führerschäin-Service vun der SNCT (Société Nationale de Contrôle Technique).
5. De Certificat d’immatriculation (oder d’gro Kaart)
D’Demarche ass déiselwecht wéi beim Führerschäin. Gitt bei d’SNCT, wou Dir e Formulaire ausfëllen an en Timber vu 50 Euro kafe musst, fir en Duplikata vun der verluerener groer Kaart ze kréien.
6. Nach e puer praktesch Rotschléi
Wat de Vol ubelaangt, do rode mir Iech awer zum Beispill, de Portmonni net an der hënneschter Boxentäsch ze droen… fir et engem Täschendéif net ze einfach ze maachen! Leet en och net op den Dësch, wann Dir gemittlech an engem Café op der Terrasse sëtzt a loosst en net gutt siichtbar um Bäifuerersëtz vun Ärem Auto leien.
Wann d’Ongléck da leider trotzdeem geschitt ass, da rode mir Iech, fir d’éischt Är Identitéitspabeieren (Carte d’identité a Pass) ze ersetzen, well Dir braucht wahrscheinlech e gëltegen Ausweispabeier fir déi aner Dokumenter ersetzen ze kënnen.
E leschten Tipp: Huelt Iech e bëssen Zäit fir all Är wichteg Dokumenter ze fotokopéieren a versuergt dës Kopie bei Iech doheem. Dat kann Iech lächerlech virkommen, mä des Fotokopië kënnen Iech bei all Ären Demarchen hëllefen!

Kontaktéiert eis