BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 31.07.2017

Carrière

Evolutioun : Weiderbildung zu Lëtzebuerg

An eiser heiteger Gesellschaft, wou den Aarbechtsmaart sech permanent verännert, ass d’Weiderbildung enorm wichteg, net nëmme wéinst der Kompetitivitéit vun eise Betriber mä och wéinst der Employabilitéit. Weiderbildung erméiglecht den Developpement vu Kompetenzen, d’berufflech Unerkennung, d’Entwécklung vun der Carrière an och d‘ perséinlecht Entfalen.

Fir all déi, déi de Besoin verspieren, hiert ganzt Liewe laang bäizeléieren, hu mir hei e puer nëtzlech Informatiounen, wéi een am beschten un d’Fro vun der Weiderbildung zu Lëtzebuerg erugeet.

Firwat iwwerhaapt Weiderbildung?

De permanente Besoin u Formatioun gëtt ëmmer méi eng Realitéit, mat där d’Employéë während hirer ganzer berufflecher Carrière konfrontéiert wäerte sinn.

Zu Lëtzebuerg erméiglecht d’Formation continue, déi an dat méi breet Konzept vum liewenslaange Léieren integréiert ass, all Employé:

• vun enger Formatioun ze profitéieren, fir en éischten Diplom ze kréien;

• seng Kenntnisser ze ergänzen oder ze perfectionnéieren;

• seng berufflech Orientatioun ze änneren;

• sech un déi nei Technologien unzepassen;

• säi professionellen Horizont ze erweideren a sengem beruffleche Parcours eng nei Richtung ze ginn;

• eng spezifesch Qualifikatioun ze kréien;

• säin Niveau bannent der Entreprise ze evaluéieren.

Weiderbildung ass a verschiddene Forme méiglech:

• den individuelle Formatiounscongé (congé individuel de formation (CIF))

De CIF erlaabt Iech, déi néideg Zäit ze fannen, fir un individuelle Formatiounscoursen deelzehuelen, an dobäi Är Pai an Är Aarbechtsplaz ze behalen.

• d’Validation des acquis de l’expérience (VAE)

D’VAE ass eng nei Prozedur, mat där berufflech an ausserberufflech Erfahrung ka valoriséiert ginn, andeems se certifiéiert gëtt. D’Certificatioun, déi Dir duerch d’VAE kritt, kann Iech dobäi hëllefen, eng nei Plaz ze fannen, eng nei Fonktioun ze iwwerhuelen, nei Aarbechtsberäicher ze entdecken an an Ärer ablacklecher Carrière weiderzekommen.

Wéi kritt een Accès zur Weiderbildung?

Wann ee seng Kompetenze weiderentwéckle wëll, ginn et an all Alter Méiglechkeeten, fir sech ze forméieren oder en Diplom ze kréien. Den Interessi un der Weiderbildung gëtt deemno hautdesdags ëmmer méi grouss.

D’Salariéë kënnen individuelle Formatiounscongé ufroen, an dat fir maximal 80 Deeg am Laf vun enger berufflecher Carrière. Fir datt de Congé vum Employeur, awer och vum Ministère de l’éducation nationale akzeptéiert gëtt, musse gewësse Bedingungen erfëllt sinn.

Fir vum Congé-formation profitéieren ze kënnen, mussen d’Salariéen:

• normal op enger Aarbechtsplaz schaffen, déi um Lëtzebuerger Territoire läit,

• duerch en Aarbechtskontrakt un eng Entreprise oder Associatioun gebonne sinn, déi legal am Grand-Duché etabléiert an aktiv ass, an

• zum Zäitpunkt vun der Congésdemande op d’mannst scho 6 Méint bei hirem Employeur beschäftegt sinn.
Indépendanten a Fräiberuffler mussen zënter op d’mannst 2 Joer bei der Lëtzebuerger Sécurité sociale affiliéiert sinn.

Wat kascht d‘Weiderbildung?

De Präis vun deenen eenzelne Weiderbildungsmoossnahmen ass extrem ënnerschiddlech. E grousse Virdeel ass, datt Depensë fir de beruffleche Perfectionnement, déi direkt mat der ausgeübter berufflecher Aktivitéit ze dinn hunn, vum versteierbaren Akommes kënnen ofgesat ginn.

D’Europäesch Kommissioun kann Iech och iwwer de Programm EFTLV (Education et formation tout au long de la vie), dee vill Initiativë kofinanzéiert, Ënnerstëtzung bidden.

Wann Dir gär méi eng breet a komplett Iwwersiicht hätt, da recommandéiere mir Iech de Portail vun der Formation continue zu Lëtzebuerg, eng ideal Quell fir vill nëtzlech a praktesch Informatiounen.

Wou kann ee Weiderbildung maachen?

Sief et an de Servicer oder Administratioune vum Staat, an de Gemengen, Fuerschungszentren an natierlech och an de Schoulen, d’Weiderbildung hëlt ëmmer méi zou a gëtt ëmmer méi wichteg.
Duerch Weiderbildung kann een e staatlech unerkannten Diplom kréien oder eng theoretesch a praktesch Mise à niveau maachen, wann een de Beruff wiesselen oder seng Kenntnisser un déi nei Technologien upasse wëll.

Verschidde Beruffschambere vum Patronat, wéi d’Chambre de commerce, d’Chambre des métiers, an d’Chambre des salariés, bidden eng breet Gamme vu Formatiounen un.

Och den INFPC, den Institut national pour le développement de la formation professionnelle continue, deen dem Ministère de l’Education nationale ënnersteet, huet als fundamental Missioun, d’Formation professionnelle ze förderen.

D’Uni Lëtzebuerg mécht och déi meescht vun hiren initiale Formatioune fir d’Weiderbildung op, an dat nom System vun der Validation des acquis de l’expérience, deen et erlaabt, duerch d’Kompetenzen, déi een am Kader vu sengem Beruff gesammelt huet, en Diplom ze kréien.

Eng aner wichteg Plaz vun der liewenslaanger Formatioun ass den Luxembourg Lifelong Learning Center, dee grad seng 40 Joer gefeiert huet a schonn iwwer 115.000 Participanten zielt.

D’Weiderbildung ass deemno eng Chance, vun där all Erwuessene profitéiere kann, fir sech a sengem Aktivitéitsberäich ze perfectionnéieren oder sech nei Horizonter ze erschléissen.

Wann Dir nach zéckt oder e personaliséierte Bilan vun Äre Kompetenze wëllt erstelle loossen, da kënnt Dir Iech un de CPOS (Centre de psychologie et d’orientation scolaire) adresséieren. Dëse Centre hëlleft Iech och dobäi, de Wee fir eng Formation continue fräi ze maachen.

Kontaktéiert eis