BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 9.01.2013

Carrière

Aarbecht : E gudde Motivatiounsbréif schreiwen

Wann de Motivatiounsbréif fir Iech bis elo eng Corvée war, fir en Job ze fannen, da sinn déi Zäiten elo riwwer! Mat eise ville Rotschléi gitt Dir e regelrechte Profi am Verfaasse vu perfekte Motivatiounsbréiwer. Mat deene kënnt Dir Iech vun deenen anere Kandidaten ënnerscheeden an e super Job oder Stage ergatteren!

1. Loosst Ären zukënftegen Employeur an de Genoss vun engem schéinen, gutt organiséierten a lëftege Bréif kommen.

E Motivatiounsbréif ass e schrëftlecht Dokument, dat vun Iech gefrot gëtt, wann Dir fir e Stage oder eng Aarbecht postuléiert. Dëse Bréif kann op der Hand geschriwwe ginn oder als Word-Dokument verfaasst ginn a soll Ärem Recruteur weisen, datt Dir un der Aarbecht oder um Stage interesséiert sidd, an datt Dir déi néideg Kompetenzen hutt.

E Motivatiounsbréif spigelt Är Perséinlechkeet erëm a muss deemno präzis a gutt strukturéiert sinn. D’Presentatioun ass immens wichteg, de Recruteur muss Loscht hunn, de Bréif ze liesen.

Vergiesst net, Är Coordonnéeën uewe lénks am Bréif unzeginn! Gitt Ärem Dokument och en Titel, fir datt de Recruteur direkt weess, wéi e Posten Iech interesséiert a wéi e Profil dorop passe géing.

2. Gitt e Profi vun Inhalt a Stil, an demarkéiert Iech vun der Konkurrenz!

Äre Motivatiounsbréif muss onbedéngt ufänke mat deem üblechen „Madame, Monsieur“, wann Dir d’Persoun, un déi de Bréif adresséiert ass, net kennt.

Duerno muss eng Accroche kommen, d.h. Dir sot an engem Saz, ween Dir sidd an ëm wéi e Posten et geet. Et ass wichteg, datt de Recruteur d’Schlësselwierder vun der Offer erëmfënnt a sech fir Äre Profil interesséiert. Stellt Iech kuerz vir andeems Dir Äre schoulesche Niveau, den Numm vun Ärer Schoul an d’Bezeechnung vum Posten, deen Iech interesséiert, ugitt.

Beschreift duerno Ären Interessi fir de Posten an Zesummenhang mat Äre Kapazitéiten, a wat Dir der Entreprise brénge kënnt. Dir musst Iech « gutt verkafen », fir Iech vun deenen anere Kandidaten ze ënnerscheeden. Am Motivatiounsbréif geet et dorëm, déi wichteg Punkten aus Ärem CV ze erklären an ze ënnersträichen. Gitt och op Är berufflech Projeten an, fir dem Recruteur ze weisen, datt Dir éiergäizeg sidd a keng Angscht viru Verantwortung hutt. Weist, wéi vill Potenzial Dir hutt, fir d’Missiounen, déi Iech uvertraut ginn, erfollegräich duerchzeféieren.

De Bréif muss kloer, attraktiv an dynamesch sinn. Zéckt also net, de Bréif an e puer Abschnëtter mat verschiddenen Themen opzedeelen.

De Recruteur soll Iech duerch Äre Motivatiounsbréif kenneléieren, de Bréif muss deemno e positive Reflet vun Ärer Perséinlechkeet sinn. Dir musst Äre schouleschen a beruffleche Parcours kloer an interessant duerstellen. Zielt dono e puer vun Ären Hobbyen op an erklärt, firwat déi Sportaarten, Reesen oder Bicher Iech gehollef hunn ze wuessen, a wéi eng Charakterzich se bei Iech weiderentwéckelt hunn. Hutt Dir gär Erausfuerderungen? Sidd Dir extrovertéiert? E Perfektionist? En Entdeckertyp? E kreative Mënsch? Kënnt Dir gutt an enger Equipe schaffen? Gitt Dir net esou liicht op?

De Recruteur wëllt Äert Temperament kenneléieren a wëssen, wéi gutt Dir an déi bestehend Equipe an der Entreprise passt.

Schléisst de Bréif mat engem markante Saz of, andeems Dir Är Motivatioun widderhuelt an Äre Wonsch, Ären zukënftegen Employeur zefriddenzestellen, wann Dir agestallt géift ginn. Weist duerno nach drop hin, datt Dir op eng Äntwert waart a fir e Suivi disponibel sidd. Dat kann z.B. esou ausgesinn: « Ech freeë mech op Är Äntwert a sti fir weider Informatioune gären an engem Telefonsgespréich oder engem Entretien zur Verfügung».

Vergiesst net, de Bréif mat enger eleganter Héiflechkeetsformel ofzeschléissen;-)

3. Opgepasst op Liichtsënnegkeetsfeeler an op kleng Defauten, vergiesst net, Dir sidd den ideale Kandidat 😉

– Opgepasst op d’Rechtschreiffeeler: Recruteuren hunn net vill iwwreg fir Bréiwer, déi net iwwerlies gi sinn an déi en negativt Bild vum Kandidat ginn.

– Net de CV widerhuelen: De Motivatiounsbréif soll Äre CV ergänzen an déi wichtegst Punkten ervirsträichen.

– Weder e « Roman » nach e Mini-Abschnëtt schreiwen: Detailléiert keng onwichteg Punkten, bleift präzis an ënnersträicht d’Potenzial, dat Dir fir dëse Poste matbréngt.

– Aktiv-Forme benotzen: Weist, datt dir net passiv sidd, mä Äert Liewen, Är Choixen an Är Handlungen aktiv dirigéiert

-Schwätzt net nëmme vun Iech: De Recruteur wëll wëssen, wat Dir der Entreprise brénge kënnt. Weist, datt Dir Iech iwwer de Betrib renseignéiert hutt an datt Är berufflech Projeten bei déi gestallten Ufuerderunge passen.

Gitt Iech vill Méi beim Inhalt, bei der Mise en page a beim Verschécken: Äre Motivatiounsbréif ass e Bild vun Iech a muss deemno an alle Punkten iwwerzeegen. Genee wéi Dir Iech net am Fussballstricot fir d’Astellungsgespréich presentéiert, soll Dir och net e Bréif voller Kniwwelen oder ausgestrache Wierder fortschécken. De Recruteur soll sech drop freeën, Iech ze begéinen a mat enger gutt organiséierter an uerdentlecher Persoun zesummen ze schaffen.

Voilà! Dir hutt elo all d’Kaarten an der Hand, fir e fantastesche Motivatiounsbréif ze schreiwen. Sträicht Är Talenter an Atouten ervir! Är Konkurrente sollen zidderen, soubal Dir an d’Arena kommt! 😉

Kontaktéiert eis