BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 10.12.2012

Carrière

Aarbecht : Wéi schreift een e CV?

Dir sicht e Stage an enger Entreprise oder e Studentenjob? Dir musst e puer CVe verschécken, sidd awer kee Meeschter op deem Gebitt?

1. Ier Dir Är villfälteg Kompetenzen a Qualitéiten opzielt, suergt w.e.g. fir eng kloer a strukturéiert Mise en page!

E Curriculum Vitae („CV“) ass den éischten Abléck, deen Dir engem Recruteur an Är Personalitéit gitt. Dee soll natierlech exemplaresch sinn, an Är schoulesch Ausbildung, Är Diplomer, Erfahrung, Kapazitéiten an Interessien opzielen. Dir musst Iech „verkafen“, fir aus der Mass erauszestiechen: och aner Kandidaten hunn déi Plaz an d’A gefaasst!

D’Präsentatioun vum CV muss kloer a strukturéiert sinn. Är Coordonnéeë sollt Dir uewe lénks uginn. Zu dëse Coordonnéeë gehéieren: Äre Numm, Äre Virnumm, Är Adress, Äre Gebuertsdatum, Är perséinlech Telefonsnummer an Är E-Mail-Adress.

Et ass och wichteg den Datum unzeginn, wéini Dir Äre CV geschéckt hutt, fir datt de Recruteur e besser klasséieren an erëmfanne kann, wann Äre Profil hien interesséiert.

Wann Dir Är Demande iwwer Internet eraschéckt, da gitt Ärem Dokument am beschten och en Titel wéi „CV-Numm-Virnumm“, fir datt de Recruteur Äre CV méi einfach klasséiere kann.

2. Lo geet et drëm, Iech en Valeur ze setzen an Är Stäerkten ze ënnersträichen.

E CV kann a chronologescher Reiefolg geschriwwen oder deene verschiddenen Informatiounen no detailléiert ginn. Déi lescht Versioun ass einfach ze liesen an dirigéiert Äre Recruteur direkt bei déi interessantst Punkte vun Ärem Liewenslaf.

E chronologesche CV kann esou opgebaut sinn:

Denkt ëmmer dorun, den CV op där Sprooch ze schécken an där d’Annonce geschriwwe war.

3. E puer Rotschléi fir net an d’Fettnäpfchen ze trëppelen

Feeler, déi am CV ze evitéiere sinn

– Iwwerflësseg oder onseriéis Donnéeën: Gitt nëmme wichteg a seriéis Informatiounen iwwer Iech un. D’Donnéeë wéi Ären zweeten Numm oder Är Sozialversécherungsnummer sinn onwichteg. Gitt och uecht, eng seriéis E-Mail-Adresse unzeginn, wéi zum Beispill „Numm.Virnumm@vvv.fr“ an net „super-x-thomasdu28@vvv.fr“.

– Eng Foto mat Frënn: Eng Foto ass net obligatoresch op engem CV, mä wann Dir eng dropsetzt, da wielt eng anstänneg a professionell Foto aus, fir datt Ären zukënftege Patron oder Maître de stage Iech eescht hëlt.

– „Lächer“ an Ärem CV: Denkt drun, e komplette CV ze presentéieren! Gitt Äre vollstännege Parcours un, och wann Dir eng Année sabbatique gemaach hutt oder no e puer Méint en anere Studium ugefaangen hutt. Soss kënnt Dir sécher sinn, datt de Recruteur Iech genee iwwert dee Liewensofschnëtt Froe wäert stellen.

– Interessien, déi näischt aussoen: Deelt dem Recruteur nëmmen déi Saache mat, déi hien och interesséiere kéinten. Dozou zielt net „Kuckt gär d’Tëlee“ :). Presentéiert déi Interessien, déi Är Perséinlechkeet definéieren an déi während dem Entretien e Gespréichsthema kéinte ginn.

– Rechtschreiffeeler: Et wier schued, e gutt strukturéierte CV ze schreiwen an net op d’Rechtschreiwung opzepassen! Iwwerliest Ären Text e puer Mol a frot eng aner Persoun, fir de CV nach eemol ze iwwerliesen, ier Dir en un de Recruteur schéckt.

Wat e Recruteur an engem CV sicht:

Eng Etude vum Cabinet Robert Half huet gewisen, datt d’Recruteuren sech e CV 5 bis 10 Minutte laang ukucken. Dobäi sichen si an der Haaptsaach no de Schlësselwierder vum Stage oder der Aarbechtsplaz. En Titel mat Ärem Numm an der Bezeechnung vum Job, deen Dir ustrieft, an e puer Wierder, fir Iech ze beschreiwen, erlaben dem Recruteur et direkt, Äre Profil mat der Offer a Verbindung ze bréngen.

 

Kontaktéiert eis