BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 14.01.2017

Carrière

Aarbecht : Virbereedung op säin Entretien annuel

Entretien-annuelWéi all Joer ass d’Zäit vun den Evaluatiounen eng Period, déi fir Verschiddener mat ganz vill Stress verbonnen ass. Den Entretien annuel ass effektiv en Exercice, op deen ee sech virbereede soll fir datt e positiv Resultater bréngt an net nëmmen Angscht verursaacht.

Hei fannt Dir e puer Grond-Regelen, mat deenen Dir Iech optimal preparéiere kënnt.

1. Preparéiert am Virfeld Är Auto-Evaluatioun

Wann Dir et net am Laf vum Joer gemaach hutt, dann huelt Iech zwou Woche virun Ärem Gespréich Zäit fir nozedenken an déi Punkten, déi Dir den Dag selwer uschwätze wëllt, nidderzeschreiwen.

Et geet hei drëm, Iech selwer ze bewäerten: sidd dobäi sou objektiv wéi méiglech, dat erhéicht och Är Credibilitéit bei Ärem Employeur/Chef.

Fir datt d’Auto-Evaluatioun méiglechst komplett ass, hei e puer Punkten, déi Dir net vergiesse sollt:

  • Zitt e Bilan vun Ärem Joer a lëscht d’Projeten, déi Dir ëmgesat hutt an d’Ziler, déi Dir erreecht hutt, op
  • Analyséiert Är Kompetenzen
  • Schreift Är wichtegst Reussiten am Laf vum vergaangene Joer op
  • Schreift och Är Schwieregkeeten op, fir objektiv ze sinn, ass et wichteg och Punkten déi ze verbessere sinn ze berücksichtegen. Domat beweist Dir zousätzlech, datt Dir Iech a Fro stelle kënnt an datt Dir mat der néideger Wäitsiicht un Är Aarbecht erugitt
  • Schreift op, wéi eng Formatiounen Dir (am Zesummenhang mat de Punkten, déi Dir verbessere wëllt) matmaache wéilt
  • Wéi gesäit fir Iech Är kuerz- a mëttelfristeg berufflech Zukunft aus: wéi gesitt Dir Är Evolutioun am Betrib? Wéi eng Etappe wëllt Dir als nächst erreechen, asw.?

 

2. Fëllt Är Grille d’évaluation aus

Wann Äre Betrib nom System vun enger Grille d’évaluation funktionéiert, ass et wichteg sech genuch Zäit ze huelen, fir déi auszefëllen. Mat dësem Outil kënnt Dir Är Stäerkten a Schwächte gezilt duerstellen, fir intern weiderzekommen.

D’Zil vun dëser Grille ass et, Iech no objektive Critèren ze bewäerten, Är berufflech Leeschtungen ze analyséieren, an net, Iech als Mënsch ze jugéieren, keng Angscht.

 

3. A während dem Entretien…?

Et ass wichteg, datt Dir eng positiv Haltung hutt an Dialogbereetschaft weist; dëst ganz besonnesch, wann Dir eppes Spezielles als Géigeleeschtung erwaart (eng Augmentatioun, eng Promotioun,…)

D’Haaptiddi ass déi, Iech oppen ze weisen, souwuel fir d’Kritike wéi fir d’Komplimenter, ze weisen, datt Dir Iech a Fro stellen an Är Aarbecht objektiv bewäerte kënnt.

Ären Entretien soll virun allem konstruktiv sinn an Iech dobäi hëllefen, Är Ziler ze erreechen. Wann Dir zum Beispill der Meenung sidd, datt e Projet während dem vergaangene Joer net esou gelaf ass wéi en hätt sollen, da kënnt Dir entweder an d’Attaque goen, a mam Fanger op dat weisen, wat bei Äre Kollege schif gelaf ass. Domat kéint Dir Iech vläicht aus der Affaire zéien, mä, a Wierklechkeet wäert dat sech géint Iech dréien. Oder Dir kënnt Ären Deel vun der Verantwortung iwwerhuelen an d’Ursaachen, aus deenen dat Zil net erreecht gouf, roueg duerstellen an eng alternativ Léisung, déi Iech pertinent erschéngt, virschloen. Weisen, datt Dir capabel sidd, eng Léisung fir e Problem virzeschloen, verbessert Är Credibilitéit.

Wann Dir mat engem Virworf konfrontéiert gitt, da faasst dat net als Kritik oder Stroof op, mä probéiert, konstruktiv un déi Saach erunzegoen.

Äre Chef ass do fir d’Punkten, déi verbessert kënne ginn, mat Iech festzeleeën a Léisunge mat Iech ze sichen. Et ass also absolut net néideg, aggressiv dorop ze reagéieren. Wann d’Remarque berechtegt ass, dann akzeptéiert se a probéiert, zesummen eng Léisung ze fannen (et ass vläicht e gudde Moment fir eng speziell Formatioun unzefroen).

Mir presentéieren Iech hei natierlech nëmmen e puer Grondsätz, déi fir Iech déi beschte Viraussetzunge schafe sollen; och wann Dir Iech streng dorun haalt ass dat keng Garantie dofir, datt Ären Employeur Äre Fuerderungen zu 100% nokënnt. Trotzdem wäerte si Iech dobäi hëllefen, dës alljäerlech Etapp, déi net ëmmer evident ass, dat stëmmt, méi entspaant unzegoen.

Bon courage!

 

Kontaktéiert eis