BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 28.06.2017

Carrière

Aarbecht : Virbereedung op e Virstellungsgespréich

Äre CV an Äre Motivatiounsbréif sinn dem Rekruteur ënnert deene vun Honnerte vu Kandidaten opgefall. Déi schwéierst Hürd hutt Dir also scho gepackt, mä de Match ass nach net gewonnen.
D’Virstellungsgespréich ass eng Etapp, déi een eescht huele muss, well si bestëmmt Är berufflech Zukunft.
Villes zielt: Är Gesten, Äert Erscheinungsbild, Är Kenntnisser, Är Kompetenzen, d’Pénktlechkeet, all dat sinn an den Ae vum Rekruteur wichteg Elementer, déi him et erlaben, seng Intuitioun ze bestätegen oder net.
Dir musst him also dobäi hëllefen, ze beweisen, datt hien sech net geiert huet, wou hien Iech selektionéiert huet. Datt Dir déi Persoun sidd, déi hie sicht.
An dësem Artikel fannt Dir vill exklusiv Tricken, déi Iech hëllefen, Iech optimal virzebereeden!

Wat mathuelen?

Et denkt een u villes, mä heiandso vergësst een dat Wichtegst. Déi heite Saache sollt Dir matbréngen:
–    CVen a Motivatiounsbréiwer (faarweg erausgedréckt). D’Zuel vun de Kopien hänkt vun der Zuel vun de Persounen of, déi um Gespréich deelhuelen. Vergiesst Iech selwer net.
–    D’Job description: eng fir Iech, de Rekruteur misst seng eege Kopie hunn.
–    E „professionellen“ Bic, ouni Logo! Vergiesst natierlech och de Bic, op deem dir scho rondrëmgeknat hutt
–    En neutralen Notizblock, natierlech och ouni Logo.

Wéi ausgesinn?

–    D’Gesten:
De Rekruteur beobacht net nëmmen Är Kleedung mä och Är Ausstrahlung, Är Haltung.
En Tipp: déi éischt Momenter si wichteg. Dir hutt keng zweemol d’Méiglechkeet, e gudden éischten Androck ze maachen!
Et ziele virun allem Är Gesten, Är Mimik, kuerz gesot, d’Manéier, wéi Dir Iech gitt: Dir sollt zum Beispill Ärem Géigeniwwer net an d’Wuert falen, d’Äerm net kräizen, asw.

Op all déi Gestë musst Dir oppassen, well och wann Dir mengt, datt ee seng Ouverture d’esprit duerch Fakten an Erfahrung beweise kann, musst Dir Iech awer bewosst sinn, datt se sech och an Ärem Verhalen ausdréckt.
Probéiert och net, alles ze kontrolléieren. De Rekruteur ka séier ënnerscheeden tëscht der Roll, déi Dir spillt an Ärer wierklecher Natur.

–    D’Kleeder:
All Beruffssekteur huet seng Kleederregelen a –coden. Genee wéi e Piercing sech net eegent, wann een am Finanzsekteur postuléiert, ass e groe Kostüm net onbedéngt ubruecht, wann een un engem kreativen Job interesséiert ass. Dofir ass et wichteg, datt Dir Iech iwwer d’Kleedercoden an Ärem Beruffssekteur informéiert, well si hunn ëmmer en Impakt op Äre Rekruteur.
Et ginn awer gewësse Regelen, déi fir all Mënsch gëllen.

Egal a wéi engem Sekteur Dir postuléiert, probéiert ëmmer eng ugedoen, propper, professionell Tenue zu hunn (keng Lächer, keng Flecken, keng Messagen…) awer och eng Tenue, déi bei Iech passt.

E puer aner praktesch an ästhetesch Rotschléi:
–    Wielt fir Är Kleedung maximal dräi Faarwen aus, Posch abegraff.
–    Evitéiert Motiver.
–    Fëllt Är Posch net mat onnëtze Saachen, huelt nëmmen dat mat, wat Dir braucht, fir datt Dir séier fannt, wat Dir sicht.
–    A speziell fir jonk Meedercher: Haalt Är Posch zou virum Rekruteur, et geet duer, datt nëmmen e bëssen Duercherneen ass, fir e schlechten Androck ze hannerloossen.

Bereet Äert Gespréich am Detail vir: wat Dir soe wëllt

–    Äre Profil:

Ënnersträicht Är Erfahrung, Är Kenntnisser, Är Succèsen an Är Charakterzich, mat deenen Dir de Rekruteur dovunner iwwerzeege kënnt, dat Dir déi Persoun sidd, déi am beschte fir dëse Posten gëeegent ass. Déi Punkten, déi Dir ervirsträicht, musse natierlech a Relatioun si mam Posten, fir deen Dir postuléiert.

–    Är Wënsch an Dreem:
Beäntwert dës Froen: Firwat grad dëse Betrib? Firwat dëse Posten? Wat erwaart Dir Iech konkret vun dëser Experienz?
–    Wéi gutt kennt Dir d’Entreprise:
Et geet net duer, en Text virzebereeden, deen Dir dann erofleiert, just fir ze beweisen, datt Dir Recherchë gemaach hutt (60 000 Employéen, 10 Milliounen Ëmsaz asw.). Ganz a guer net!

Dir musst beweisen, datt Dir dës Recherchë mat engem ganz präzisen Zil gemaach hutt: Wee sinn d’Konkurrenten? Wat sinn d’Stäerkten? D’Schwächten? Wat sinn Är Recommandatiounen?
Opgepasst, Är Recommandatioune sollt Dir nëmmen dann uginn, wann de Rekruteur Iech duerno freet. Iwwerleet Iech och genee, wéi eng Wierder Dir benotzt.

–    Froe virbereeden:
Fir e gudden Androck ze maachen, ass et ëmmer gutt, Froen ze stellen (déi natierlech pertinent musse sinn) fir ze beweisen, datt Dir Iech fir de Betrib a fir de Posten interesséiert.
Preparéiert virum Gespréich e puer Froen, fir datt Dir eppes soe kënnt, wann de Rekruteur Iech freet: „Hutt Dir Froen?“
Dëst kënne sinn:

  • Froen am Zesummenhang mam Posten an den Objektiver, déi erreecht solle ginn (wéi eng Obstaclë ginn et, fir se ze erreechen? Wéi eng Schwieregkeete kënnen optrieden?)
  • Eng Fro iwwert d’Thema, dat fir d’lescht ugeschwat ginn ass.

–    Äntwerten op Faangfroe virbereeden:
Oft stelle Rekruteuren Iech Faangfroen, fir Är Psychologie ze testen, Är Grenzen tëscht dem Beruffs- an dem Privatliewen, Är Reaktiounen, Är Motivatioun, oder fir en Androck iwwert Iech ze bestätegen…

Op dësem Site fannt Dir eng ganz Rei vu Faangfroen, op déi Dir virbereet sollt sinn. Sicht och roueg nach um Internet no weidere Froen.

E leschte Rotschlo:

Gitt Beweiser fir Är Behaaptungen a weist, datt Dir genuch Selbstvertrauen hutt.

Mir hunn Iech gewisen, wéi Dir Iech an engem Virstellungsgespréich behaapte kënnt, elo ass et un Iech, dës Rotschléi un Är Perséinlechkeet unzepassen an Iech bei Ärem Rekruteur ze verkafen.
Eis bleift nëmmen nach, Iech vill Gléck ze wënschen !

 

Kontaktéiert eis