BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 12.10.2017

Carrière

Aarbecht : Sech sozial engagéieren

Jidderee wéilt eigentlech méi maachen, fir sengem Ëmfeld, sengen Noperen oder och onbekannte Persounen ze hëllefen. Mee Dir frot Iech vläicht, wéi Dir Iech sënnvoll abrénge kënnt?

Hei e klenge Guide, deen Iech hëlleft en Iwwerblëck ze kréien

Sech engagéiere, jo, mee a wéi engem Beräich?

Déi gutt Zwecker kënne ganz ënnerschiddlech sinn a vun Äre Passiounen, Ärer Kultur, Ärer Educatioun, Ärem Entourage oder vun engem markanten Evenement ofhänken. Et gi vill Associatiounen, déi sech fir ganz villfälteg Saachen asetzen oder déi einfach op der Sich no fräiwëllege Mataarbechter sinn.

Déi gutt Zwecker sinn dobäi ganz ënnerschiddlech an d’Engagement ka méi oder manner intensiv sinn. Dir kënnt zum Beispill e Kand an engem aarme Land parrainéieren, an engem lokale Wueltätegkeetsveräin hëllefen oder Iech am Ëmweltschutz engagéieren; alles hänkt vun Ärer Sensibilitéit a vun Ärer Motivatioun of.

Sech engagéieren, jo, mee wéi?

Wann Dir enger Associatioun en Deel vun Ärer fräier Zäit schenkt, kënnt Dir op verschiddene Niveauen an a verschiddene Beräicher Äre Bäitrag leeschten.

Dat ka vum Organiséiere vu Manifestatiounen, dem Sammele vu Suen oder Liewensmëttel bis hin zu Permanencen um Telefon goen; dat hängt ganz vun de Besoine vun der Associatioun oder dem gudden Zweck, fir déi Dir Iech entscheet hutt, an der Missioun, déi Dir do iwwerhuelt, of.

Bitt roueg Är Hëllef bei Saachen un, bei deenen Dir Iech wuel fillt, mä zéckt och net, eng Missioun unzehuelen, déi Dir bis dohin net kannt hutt, Dir wäert gesinn, Dir wuesst mat der Aufgab

Sech engagéieren, wat bréngt dat?

Mir liewen allgemeng an enger Welt, an där « Chacun pour soi » méi zielt wéi Nächsteléift. Sech fir e gudden Zweck oder eng Associatioun engagéieren, heescht, sech fir anerer opzemaachen, seng eege Situatioun ze relativéieren.

Den Asaz fir e gudden Zweck bréngt oft eng gewëssen Ouverture d’esprit, eng méi grouss Upassungsfäegkeet an Erfahrung mat sech, déi och an der Beruffswelt appreciéiert ginn. Dofir vergiesst net Ären Engagement och an Ärem CV unzeginn!

Sech engagéiere bedeit, sech Zäit fir déi aner huelen, éirenamtlech Missiounen iwwerhuelen an ausféieren, sech mobiliséieren, Verantwortung iwwerhuelen an d’Saachen no vir dreiwen.

Et kann een doheem sëtzen an drop waarden, datt d’Welt sech ännert oder et kann een d’Saachen an d’Hand huelen a seng Zäit fir eppes asetzen, wat engem um Häerz läit. Iwwerleet net méi laang! Ären Zäitasaz hëlleft net nëmmen deene Leit, déi Dir ënnerstëtzt, mä och Iech selwer

Kontaktéiert eis