BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 20.06.2019

Carrière

Forum vun den Mini-Entreprisen : And the winner is… “SAY IT”

Den 18. Forum vun de Mini-Entreprisen, deen de 6. Juni 2019 am Kinepolis Kierchbierg stattfonnt huet, huet déi 16 bescht lëtzebuergesch Mini-Entreprisë vum Schouljoer 2018-2019 zesummebruecht. Bei der Editioun vun dësem Joer hu 74 Mini-Entreprisë matgemaach, déi méi ewéi 700 Schüler a 54 Enseignanten aus 21 Lycéeë representéierten, en neie Rekord!

Wärend engem inspiréierenden an erliefnisräichen Dag hunn d’Finalisten hire Projet op engem Stand an mat Hëllef vun enger kuerzer Presentatioun engem Publikum vu bal 500 Persoune virgestallt. Eng Ronn 250 Persoune vum ëffentlechen a private Secteur, Sponsoren, Coachen, Schouldirekteren, Proffen, Elteren a Schüler hunn och um Evenement deelgeholl.

Mir gratuléieren all de Jonken, déi de Choix getraff hunn, e gudden Deel vun hirer Fräizäit parallel zu hire Studien, dësem ambitiéise Projet ze widmen, aus hirer Konfortzon erauszegoen a bei dësem groussen Abenteuer matzemaachen! Dës beräicherend Erfahrung huet et de Mini-Entrepreneuren erméiglecht, sech mam Entrepreneuriat an der Aarbechtswelt ze familiariséieren.

BGL BNP Paribas, als groussen Acteur vun der Finanzplaz an ee vun de gréissten Employeuren zu Lëtzebuerg, engagéiert sech voll a ganz géigeniwwer der ASBL Jonk Entrepreneuren, där hir Bildungsprogrammer d’Selbstverwierklechung an d’Integratioun vun de Jonken um Aarbechtsmaart ënnerstëtzen.

Mir ware beandrockt vun der Kreativitéit, dem Teamgeescht, dem Engagement an dem Professionalismus vun deene Jonken, an och vun der ëmmer méi grousser Wichtegkeet, déi déi ekologesch a sozial Aspekter zougeschriwwe kréien! Och wa just verschidde Mini-Entreprisen e Präis iwwerreecht kruten, hunn all d’Participante vun dësem Projet eis Unerkennung an e ganz grousse Bravo verdéngt!

Dëst Joer hat BGL BNP Paribas d’Éier, de begierte Präis vun der beschter Mini-Entreprise der Initiativ „Say It“ ze iwwerreechen, déi aus 7 Schüler aus dem Lycée Aline Mayrisch besteet. Dës Mini-Entreprise proposéiert, Ëmfroen duerchzeféieren, fir den etabléierten Entreprisen et ze erlaben, d’Meenunge vum Publikum besser anzesammelen an ze verstoen. Dës Equipe huet d’Éier, Lëtzebuerg wärend der „JA European Company of the Year Competition“ ze representéieren, déi ufanks Juli 2019 zu Lille stattfënnt an déi bescht Mini-Entreprise um europäeschen Niveau auszeechent.

Mir wënschen hir vill Erfolleg bei dësem prestigiéise Concours!

 

Kontaktéiert eis