BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 13.09.2017

Carrière

Aarbecht : Verschidden Aarbechtskontrakter

contrat de travail1. Op d’Dauer geséchert Aarbechtsplazen: de „Contrat à durée indéterminée“ (CDI)

Dës Form vu Kontrakt gëtt am Grand-Duché am heefegste benotzt. De Kontrakt gëllt fir eng onbegrenzten Zäit vun deem Moment un, wou en ënnerschriwwe gëtt, bis zu deem Moment, wou entweder de Patron oder de Salarié decidéieren, en ze kënnegen.
D’Identitéit vun de Parteien, den Datum vun der Entrée en service, d’Plaz vun der Aarbecht, d’Dauer vun der Proufzäit, dat sinn e puer vun den obligatoresche Mentiounen, déi Dir an Ärem Aarbechtskontrakt erëmfanne musst, fir sécher ze sinn, datt e gëlteg ass.
Wann Dir fir d’éischte Kéier en Aarbechtskontrakt ënnerschreift, sollt Dir wëssen, datt Dir obligatoresch eng Proufzäit hutt. D’Dauer variéiert an der Regel tëscht 3 a 6 Méint.
De Patron kann de Kontrakt kënnegen aus perséinlechen oder wirtschaftleche Grënn oder wéint Faute grave, e muss de Grond awer ëmmer uginn an och begrënnen.

2. Méi kuerzfristeg orientéiert: de „Contrat à durée déterminée“ (CDD)

De Contrat à durée déterminée gëtt, wéi den Numm et scho seet, fir eng begrenzten Zäit a fir eng präzis Missioun ofgeschloss; e kann net iwwert eng Dauer vun 2 Joer erausgoen.

Dëse Kontrakt kann 2 Mol erneiert ginn, mä d’Maximaldauer däerf net iwwer 24 Méint erausgoen, Renouvellement abegraff.
Am Géigesaz zum CDI kann de CDD net viru senger Date d’échéance opgeléist ginn.

Wann den Employeur awer decidéiert, Iech net ze halen, dann hutt Dir Recht op Schuedenersaz (dat gëllt natierlech net wann et ëm eng Faute grave geet!); wann Dir Ärersäits decidéiert, Är Aarbecht opzeginn, da schëllegt Dir dem Employeur ee Mount Salaire.

3. Interims-Aarbecht, e Sprangbriet op den CDI

Wann Dir eng Aarbecht fir d’éischt méi genee kenneléiere wëllt, ier Dir déi richteg Decisioun fir Är Zukunft huelt, dann ass Interims-Aarbecht vläicht déi ideal Léisung fir Iech!

Eng Interims-Aarbecht, wéi funktionéiert dat?

De Kontrakt gëtt net direkt tëscht Iech an dem Employeur ofgeschloss, mä d’Interims-Agence (denkt drun, Iech do anzeschreiwen!!) handelt e Missiounskontrakt fir Iech aus.

Dir gitt dem Employeur da fir eng präzis Aufgab a fir eng begrenzten Dauer „zur Verfügung gestallt“. Konkret bedeit dat, datt d’Interims-Agence Äre richtegen Employeur ass (keng Panik, dat ass alles net esou komplizéiert!).
Bei dëser Zort vu Kontrakt ass d’Maximaldauer méi kuerz wéi bei engem CDD a läit bei nëmmen 12 Méint (Renouvellement abegraff); d’Proufzäit hänkt hirersäits vun der Dauer vun Ärer Missioun of.

4. Den Deelzäitkontrakt, eng Alternativ fir Beruffs- a Privatliewen ënnert een Hutt ze kréien

Fir all déi ënnert Iech, déi vläicht schonn Eltere sinn, ass d’Deelzäitaarbecht e gudde Kompromëss tëscht dem Familljen- an dem Beruffsliewen.

De Kontrakt kann als CDI oder als CDD ofgeschloss ginn an ënnerläit domat och deenen entspriechende Regelen.

Deen eenzegen Ënnerscheed läit beim Festleeë vun der Aarbechtszäit pro Woch an der Opdeelung vun dëser Aarbechtszäit.

Méi präzis Informatiounen iwwert all dës Zorte vu Kontrakter kritt Dir gäre bei spezialiséierten Organisme wéi der ADEM oder der Chambre des Salariés

Kontaktéiert eis