BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 4.03.2018

Carrière

Sich no Aarbecht : D’E-Reputatioun

2242407835_4b090b36e4_z-265x15780% vun de Rekruteure „googelen“ d‘Kandidaten a 75% vun de Rekruteuren maachen hiert Urteel iwwert e Kandidat vun deem ofhängeg, wat si entdecken.
Wann een sech dës Zuelen ukuckt, da schéngt d’E-Reputatioun (de gudde Ruff am Internet) en entscheedende Facteur beim Rekrutement vun neien Talenter ze sinn …Entdeckt hei all d’Methoden, fir Ären Image um Internet optimal ze geréieren!

„D’E-Reputatioun“, wat ass dat iwwerhaapt?

Et handelt sech ëm d’Bild, dat d’Internetbenotzer sech vun Iech maachen, wann si sech d’Spueren, déi Dir am Internet hannerloosst oder och déi, déi anerer vun Iech hannerloossen, ukucken.

Zënter der Gebuert vum Web 2.0 ass d’Prozedur vum Rekrutement effektiv vill méi schwéier ginn. Et geet elo net méi duer, sech den Owend virun engem Virstellungsgespréich aktiv virzebereeden, mä et muss ee säi Bild um Internet vill méi laangfristeg fleegen.

Virum Virstellungsgespréich kënnt effektiv elo eng nei Etapp derbäi, well d’Rekruteure kënne sech elo schonn en „éischten Androck“ verschafen, jee nodeem, wéi e Bild Dir am Netz hannerloosst. Vun zwee Kandidate mat deene selwechte Kompetenze wielt de Rekruteur am Allgemengen deen, deen e beim éischte Klick am interessanteste fënnt.


Op wat muss een oppassen?

Heiansdo kënne verschidden Elementer en Afloss op Äre gudde Ruff hunn, ouni datt Dir dat wëllt. Och wann d’Transparenz iwwert allem steet, ass et awer ze recommandéieren, am Netz e Minimum u professioneller Distanz ze halen!

–    Trennt Är berufflech an Är privat Inhalter vuneneen:
o    Op Facebook: Wann Dir Är Privatsphär behale wëllt, da geet et net duer, Äre Pseudonym ze änneren, evitéiert op alle Fall, Informatiounen iwwert Är viregt Aarbechtsplazen oder aner Donnéeën, mat deenen Dir einfach ze retracéiere sidd, ze verëffentlechen. Och wann Äre Pseudonym näischt mat Ärer richteger Identitéit ze dinn huet („ Olivier Twist“ zum Beispill) fënnt de Rekruteur Iech ganz liicht, wann hien zum Beispill op Google d’Schlësselwierder „Olivier BGL BNP Paribas Startin Facebook“ agëtt.
o    Fir en éischter berufflech genotzte Profil (wéi Linkedin zum Beispill), ass et besser, Äre richtegen Numm a Virnumm anzedroen. Et ass net ëmmer néideg, eng Foto derbäizesetzen, mä wann Dir et maacht, da benotzt eng Foto aus engem beruffleche Kontext (d’Krawatt an de Paltong kënnt Dir Iech vläicht spueren, wann Dir Iech fir eng Plaz am Kommunikatiounsberäich mellt).
–    Dir hutt oft d’Tendenz, Är E-Reputatioun nëmmen am Zesummenhang mat de Resultater vun enger Google-Recherche ze gesinn. Vergiesst net, och aner Kanäl ze suivéieren: Bloggen, sozial Netzwierker, gedeelten Inhalter oder Foren.


Wat gehéiert zu enger gudder E-Reputatioun?

Bei deene wichtegsten Elementer vun enger gudder E-Reputatioun spillt virum allem de gesonde Mënscheverstand eng grouss Roll 🙂 :
–    Äre CV an Är Lettre de motivation musse kohärent si par rapport zu deem, wat Dir um Web matdeelt.
–    Beäntwert dës Fro: Wat sollen déi aner Ärer Meenung no iwwert Iech soen?
–    Evitéiert iwwerméisseg Verbreedung. Besser nëmmen eenzel Kanäl mat kohärenten Informatiounen, wéi ze vill Kanäl mat Deelinformatiounen. Dat vereinfacht d’Sich no Informatiounen.
–    Suergt dofir, datt d’Rekruteuren Iech an de Sichmaschinne fannen: Schreift Iech an op populäre Sitë wéi Linkedin, wou Dir e professionelle Reseau opbaue kënnt, oder DoYouBuzz fir Äre CV online ze setzen. Da sinn Är professionell Profiler ënnert deenen éischte Resultater, wann Dir Ären Numm an Äre Virnumm an d‘Sichfeld agitt.
–    Hannerleet Beweiser fir dat, wat Dir an Ärem CV behaapt: Leet e Kont op Flickr un, wann Dir ugitt, Fotograf ze sinn oder e Kont op Soundcloud, wann Dir Museker sidd!
–    Passt op d’Rechtschreiwung, de Sazbau an d’Sazzeechen op.

Dir wësst elo scho vill, wat grondsätzlech wichteg ass fir Är Privatsphär ze schützen an Är Chancen op eng Aarbechtsplaz ze verbesseren, andeems Dir Äre virtuellen Image fleegt. Eis bleift also nëmmen nach, Iech Courage ze wënschen.

 

Kontaktéiert eis