BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
BGL BNP Paribas - La banque d'un monde qui change
STARTIN
Beruffsufänger

Den 4.03.2018

Carrière

Auslandserfarung : 9 Rotschléi

NY

Eng Experienz am Ausland kann aus verschiddene Grënn nëtzlech sinn: aner Kulturen entdecken, eng friem Sprooch léieren oder uwenden, studéieren oder bei engem Austauschprogramm matmaachen, schaffen, Benevolat, e Stage maachen oder einfach nëmme Spaass um Reesen!
Hei e puer nëtzlech Tipps, wann Dir am Ausland studéiere wëllt, eng Aarbecht sicht oder einfach nëmmen eng aussergewéinlech Erfahrung maache wëllt!

 

  • Säi Studienopenthalt virbereeden

Etudes

1. Wouhi fueren?

Do spille vill Aspekter mat: Ären Niveau an de Friemsproochen, d’Virdeeler vun de Länner aus der EU am Verglach mam Rescht vun der Welt (den Erasmus-Programm, d’Währung, einfach Circulatioun…) an natierlech Är eegen Interessien a Virléiften!

2. Wat muss ee maachen als Student?

Fir d’alleréischt musst Dir Iech emol bei der Uni, déi Iech ophëllt, aschreiwen. Doduerch kritt Dir all d’Pabeieren, déi Dir fir Ären Depart braucht (e Visa zum Beispill, wann Är Destinatioun ausserhalb vun der Europäescher Unioun läit).

 

Wann Dir am Kader vun engem Austauschprogramm fuert, renseignéiert Iech doriwwer, wat Äert Etablissement Iech bidde kann: verschidde Partenariater erlaben Iech, en dueblen Diplom ze kréien!
Wat d’Finanzementsméiglechkeeten ubelaangt, informéiert Iech hei!

3. Wéi kënnt Dir Iech op der Plaz am beschten integréieren?

Déi meeschte Schoulen, déi international Studenten ophuelen, organiséieren Accueil- an Orientatiouns-Weekender oder –Wochen: eng gutt Geleeënheet, fir aner international Studente kennenzeléieren a Frëndschafte fir d’Dauer vun Ärem Openthalt (oder doriwwer eraus!) ze schléissen!
Verschidde Schoulen organiséieren och Parrainagen tëscht lokalen an internationale Studenten: maacht roueg bei dëse Programmer mat! Dir léiert do net nëmme Leit kenne mä kënnt och dovu profitéieren, fir sou vill wéi méiglech iwwer d’Kultur vun Ärem Pays d’accueil gewuer ze ginn!

 

  • Seng Beruffserfahrung am Ausland virbereeden

JA
4. Wéi e Land eraussiche fir ze schaffen?

Vergiesst net, wéi wichteg Sproochekenntnisser sinn a bedenkt d’Vir – an Nodeeler vun all Land a – genee wéi beim Studium – Är eegen Interessien a Virléiften!
Denkt och drun, datt Dir als Awunner vun engem EU-Staat keng Aarbechtserlaabnis braucht, wat Är Installatioun (oder Äre Choix!) natierlech vill méi einfach mécht.

 

 

 

5. U wat muss een denken ier ee sech op d’Sich no enger neier Aarbecht mécht?

Jee nodeem wouhin Dir fuert, si verschidden Dokumenter indispensabel (Aarbechtserlaabnis, Visa, asw.). Denkt drun, Iech gutt z’informéieren, fir zum Zäitpunkt vum Depart keng béis Iwwerraschung ze erliewen!
Wann Dir ouni Promesse d’embauche fortfuert, da consultéiert déi lokal Sitte mat Jobofferen. Informéiert Iech iwwer déi speziell Demarchë vum lokalen Aarbechtsmaart. Sicht och op de Sitte vun Expatriéierten, dat sinn oft wäertvoll Informatiounsquellen. Hei fënnt een oft gutt Rotschléi, well Expatriéierter am Allgemengen hir Erfahrunge gär matdeelen.

6. Wéi léiert een op der Plaz Leit kennen?

Et ass zwar méi schwéier Leit kennenzeléiere wann ee schafft wéi wann ee studéiert, mä nach laang net onméiglech! Denkt un d’Afterworks, d’Colocatioun, sportlech oder kulturell Aktivitéiten, asw.
Dir kënnt och bei Gruppe matmaachen, déi Aktivitéiten tëscht Expatriéen oder Leit mat deene selwechten Interessien organiséieren. Kennt Dir zum Beispill meetup.com? Sicht roueg och e bëssen op Facebook, hei kënnt Dir och flott Gruppen oder nei Frënn fannen!

 

  • Fortfueren, fir eng nei Liewenserfahrung ze maachen…

7. Wouhi soll d’Rees goen?

Lauschtert wa méiglech net nëmmen op Äert Häerz, sidd virsiichteg a consultéiert de Site vum Ausseministère, op deem d’Reesender sech iwwer d’Sécherheet oder iwwer déi verschidde Länner am Allgemengen informéiere kënnen.

8. Fir datt Är Experienz och geléngt,…

Braucht Dir e Visa? Äre Pass? Ass en nach ëmmer gëlteg? Braucht Dir speziell Impfungen? Vergiesst och net d’Versécherung! Couvréiert Är Versécherung all Är Besoinen (denkt zum Beispill un e Rapatriement)? Besonnesch wann Dir e Fan vun Extremsportaarte sidd.
Méi iwwer d’Dokumenter, déi Dir fir déi verschidde Länner braucht, fannt Dir hei!

9. An net ze vergiessen,…

Och doru sollt Dir denken: Är Friemsproochen, d’Andauchen an eng nei Kultur, nei Bekanntschaften, nei Erfahrungen… Mir roden Iech zum Beispill e Blog ze kreéieren oder en Tagebuch ze féieren, an (mindestens!) Honnerte vu Fotoen ze maachen, fir esou vill Erënnerunge wéi méiglech vun Ärer Rees ze hunn. Denkt och un déi praktesch Aspekter: ginn et aner Steckeren? Wat ass déi lokal Währung? Gëtt meng Kaart vun der Bank am Ausland akzeptéiert, asw.
Mat dëse puer Rotschléi misst Dir Iech elo prett fillen, fir Iech op de Wee ze maachen, also dann: schéi Rees!

Avion

Kontaktéiert eis