BGL BNP Paribas benotzt Cookies op dësem Internetsite. Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. An eiser Cookies-Politik fannt Dir weider Informatiounen a kënnt och gewuer ginn, wéi Dir si op Ärem Computer blockéiere kënnt. Wa keng Cookies op Ärem Terminal hannerluecht kënne ginn, féiert dat méiglecherweis zu enger Aschränkung vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site.

Andeems Dir weider op eisem Site navigéiert, akzeptéiert Dir d’Verwendung vun dëse Cookies. Mei Informatiounen.

Ok

Den 12.08.2013

Studium

De Studenteprêt zu Lëtzebuerg

prêt-265x157Ier ee sëch decidéiert, e Studenteprêt ofzueschléissen, ginn engem oft eng ganz Rei vu Froen duerch de Kapp.
Ass dat eng gutt Iddi?
Wéi eng Konditioune sinn doru gebonnen?
Wéi kann ee vun engem gënschtegen Zënssaz profitéieren?
Wéini soll dee Prêt rembourséiert ginn?

Wat sinn d’Vir- an d’Nodeeler?

De Studenteprêt ass net einfach nëmmen eng Finanzhëllef fir Är Studien. Et ass effektiv e Mëttel fir finanziell onofhängeg ze ginn (fir an d’Ausland ze goen oder Äre Loyer ze bezuelen…) an Är berufflech Carrière virunzedreiwen.

Ier een sou e Prêt ophëlt, soll een awer gutt iwwert d’Konsequenze vu sou engem Engagement nodenken. Wann den Zäitpunkt vum Remboursement méi no kënnt an Dir Äre Prêt net direkt zeréckbezuele kënnt, musst Dir nämlech nawell d’Engagementer vum Kontrakt anhalen. Et ass also wichteg ze kucken, ob den Investissement onbedéngt néideg ass.

Wéi eng Schrëtt muss een ënnerhuelen, fir e Studenteprêt ofzeschléissen?

  • E Kont bei der gewielter Bank opmaachen (wann dat net scho gemaach ass!)
  • Är Demande beim CEDIES (Centre de Documentation et d’Information sur l’Enseignement supérieur) areechen

Wéini soll de Prêt rembourséiert ginn?

Wann Dir de Prêt bei engen vun den staatlech-konventionéierten Banken ofschléisst, dann fänkt Dir no 2 Joer nom Enn vun Äre Studie mat Zeréckbezuelen un.
D’Dauer vum Remboursement ass op 10 Joer festgesat ginn, dësen Delai kann awer och verkierzt ginn.

Wéi kann ee vun engem gënschtegen Zënssaz profitéieren?

Zu Lëtzebuerg bezilt e Student héchstens 2% Zënse well de Staat d’Differenz tëscht dem reellen Zënssaz um Maart an dem Saz vun 2%, deen de Student bezilt, iwwerhëlt.

Wee kann e Studenteprêt ufroen?
Am Juli 2013 sinn d‘Konditioune geännert ginn, an elo kënnt Dir e Studenteprêt ufroen wann Dir:

  • d’Lëtzebuerger Nationalitéit hutt oder e politesche Flüchtling sidd: Et muss een zu Lëtzebuerg wunnen
  • aus engem EU-Memberstaat staamt: Dir musst zu Lëtzebuerg wunnen, an zwar als Ugestallten oder Selbststännegen oder als Familljemember vun engem, deen zu enger vun dëse Kategorien zielt oder deen eng permanent Openthaltsgenehmegung kritt huet.
  • aus engem Land staamt, dat net an der EU ass oder staatenlos sidd: Dir musst zënter 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnen an en Diplôme de fin d’études secondaires hunn, dee mat deem Lëtzebuerger Diplom äquivalent ass.
  • d’Kand sidd vun engem Lëtzebuerger, engem deen aus der EU oder engem Land wat Deel ass vum Europäeschen Wirtschaftsraum, oder aus der Schwäizer Edgenossenschaft staamt, an deen zu Lëtzebuerg schafft an dat ouni Ënnerbriechung säit op mannst 5 Joer an wéinstens 50 % vun der legaler oder konventioneller Aarbechtszäit.

Dir musst op alle Fall fir ee Studium ageschriwwe sinn.
Méi Informatioune fannt Dir op dësem Site.

Dir kënnt ausserdeem eng finanziell Avance mat 0% Zënse ufroen fir d‘Zäit ze iwwerbrécken, bis d’Bourse oder de Studenteprêt um Kont ukommen. Dëse Montant muss allerdéngs bannent e puer Méint zeréckbezuelt ginn.

Mir hoffen, datt dës Informatiounen Iech derbäi hëllefen, Är Decisioun ze huelen. Zéckt net, Iech eis Offer unzekucken, eis Beroder ginn Iech gär Äntwerten op all Är Froen!

Quellen:
CEDIES  
Université du Luxembourg

Kontaktéiert eis

Startin' Team