Den 17.08.2012

Reesen

European Youth Card

Dir dreemt vu Sortien, Events oder vu Produiten déi mat ärem Budget ze realiséieren sinn, mä fannt näischt wat méiglech ass?

Hei ass d’Léisung: d’European Youth Card déi Iech vum Centre Information Jeunes proposéiert gëtt.

Dir kennt se villäicht ënnert hirem alen Numm, Eurocard<26?!

1. Wat ass d’European Youth Card?

D’Associatioun EYCA regruppéiert d’lokal Associatioune mam selwechten Numm an iwwer véierzeg europäesche Länner. D’Membere schaffen un der Entwécklung vun der Kaart andeems si nei Partner sichen.

Dës Partner encouragéieren d’Mobilitéit vun de Jonken andeems si hinne Virdeeler a Reduktioune fir den Transport, fir Logementer oder a Reesbüroë proposéieren.

Et ginn Iech och vill Supporten, wéi Zeitungen, Internetsäiten, Newsletters, mä och sozial Netzwierker a Guiden zur Verfügung gestallt, fir datt Dir optimal vun dëse Virdeeler kënnt profitéieren.

2. Vill Virdeeler fir Iech d’Liewe méi einfach ze maachen!

Dës Kaart fir Jonker vu manner wéi 26 Joer erméiglecht Iech et, vu villen Offeren a Virdeeler ze profitéieren: méi wéi 100 000 an daat a 40 europäesche Länner!

Dir kritt dës genial Kaart fir de klenge Präis vun 10 € fir eng Dauer vun engem Joer. Loosst Ärer Fantasie an Äre Wënsch fräie Laf! D’Kaart betrëfft all Beräicher: Kultur a Fräizäit, Formatiounen, Gesondheet a Schéinheet, Sport, Ernährung & Gedrénks, Logementer, Déngschtleeschtungen, Reesen a Shopping! Dir fannt garantéiert eppes flottes fir Iech ;-)

Et gëtt keng Konditioune wat d’Nationalitéit ubelaangt fir vun der Kaart kënnen ze profitéieren an eng Reesassistenz ass am Präis vun der Kaart mat dran, firwat also net dovu profitéieren ;-)

3. Wou fënnt een dës faméis Kaart?

Dir kënnt d’Kaart op de Siten www.europeanyouthcard.lu an www.euro26.lu kafen, oder einfach direkt an de Centre Information Jeunes goen, 26, place de la gare an der Galerie Kons am Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg.

Um Site vun der EYCA fannt Dir all d’Virdeeler zu deenen d’Kaart Iech Zougang gëtt, souguer mat Sichcritèrë fir Är Interessen ze cibléieren.

D’EYCA huet och eng Säit op Facebook! Do ginn regelméisseg Neiegkeeten iwwer d’Offeren an déi nootste Plazen an Ärer Géigend, wou d’Kaart valabel ass publizéiert.

Profitéiert och vun hirer Applicatioun fir ëmmer mat den Neiegkeete connectéiert ze bleiwen, egal wou Dir sidd!

Wann Dir ënnerwee sidd, erkennt Dir d’Geschäfter déi Virdeeler mat der European Youth Card proposéieren um EYCA-Logo.

Profitéiert direkt vun alle Virdeeler an Europa! Dir kënnt Iech elo a ganz vill Projete stierzen, wat ganz praktesch ass, fir sech de ganze Summer iwwer ze beschäftegen!

Kontaktéiert eis

Startin' Team