Offer Startin’ Studenten vun BGL BNP Paribas


Dir hutt tëscht 18 an 29 Joer a sidd Student oder denkt drun, e Studium zu Lëtzebuerg oder am Ausland unzefänken? Dann ass Startin’ Studenten déi richteg Léisung fir Iech!

Eis komplett Offer fannt Dir op eisem Internetsite bgl.lu

Äre Startin’-Kont Studenten

De Kont Startin’ Étudiant* ass während Ärer ganzer Studienzäit gratis a bitt Iech:

  • e Compte courant fir Är alldeeglech Gestioun
  • eng Debitskaart an eng Kreditkaart fir zu Lëtzebuerg an am Ausland anzekafen a Suen opzehiewen
  • Web a Mobile Banking fir Är Konten ze suivéieren
  • Fräizäitavantagen, wéi zum Beispill Reduktioune beim Benotze vum Night Rider – Bus a regelméisseg Spiller a Concoursen op startin.lu

Hieft am Ausland Suen zum selwechte Präis wéi fir deng Transaktiounen doheem op, wann Dir Suen op engem Bankomat vun enger Bank aus dem Netz BNP Paribas Global Alliance a Global Network ophiefs. Méi Informatiounen an eng Lëscht vun de Banken op bgl.lu.

Luet och eis iPhone-Appen ‘CashPoints’ (fir eis Agencen a Bankomaten zu Lëtzebuerg ze fannen), ‘Fair & Square’ (fir eng optimal Gestioun vun den Depensen tëscht Frënn) an ‘Dr. Job’ (fir Iech optimal op Virstellungsgespréicher virzebereeden) erof.

TAG : Entscheet Iech bis de 15. September fir eis Offer Startin’ Étudiants an huelt domat automatesch un enger Auslousung deel, fir en Tablet ze gewannen

* Dës Offer ass u Konditiounen an un d’Akzeptatioun vun Ärem Dossier gebonnen

Spueren

De Spuerkont fir Jonker ass mat engem besonnesch gënschtegen Zënssaz den ideale Kont, wann Dir spuere wëllt, d’Suen awer weiderhi fir onerwaarten Ausgaben verfügbar bleiwe sollen.

Et ginn nach aner Alternativen zu den traditionelle Spuerformelen. Entdeckt se op bgl.lu.

Är Studie finanzéieren

Fir datt Dir zu Lëtzebuerg oder am Ausland studéiere kënnt, ouni Iech Suergen iwwert d’Finanzéierung ze maachen, proposéiert d’BGL BNP Paribas Iech hireStudenteprêt. Dëse Prêt gëtt vum Staat accordéiert a gesäit e ganz gënschtegen Zënssaz fir de Remboursement vir (festen Taux vu maximal 2%). Dir kënnt bis zu 8.350 EUR pro Joer léinen.

Méi Informatiounen iwwer Finanzbäihëllefe vum Staat fannt Dir um Internetsite vum CEDIES.

Wann Dir Iech fir eis Offer vum Studenteprêt entscheet, profitéiert Dir ausserdeem vun der Assurance OptiStudent , eng Versécherung vun Europ Assistance, mat där Dir all Joer 200 EUR geschenkt kritt! Dës Assurance deckt zum Beispill d’Rapatriementskäschten, wann Dir am Ausland sollt krank ginn.

Dir musst Iech séier ëm Är éischt Depensë këmmeren (Inscriptioun, Loyer, Miwwelen…)? BGL BNP Paribas proposéiert Iech eng Avance vun 3.000 EUR mat 0% Zënsen! D’Suen depannéieren Iech, bis Äre Studenteprêt antrëfft. D’Avance muss bannent 4 Méint nom Ofschloss vum Prêt integral rembourséiert ginn. Méi Informatiounen op bgl.lu.

Entdeckt all eis Offere fir d’Studenteprêten.

A Frankräich oder an der Belsch studéieren

An d’Ausland studéiere goen ass eng richteg Aventure voller Imprévuen. Mat der BGL BNP Paribas braucht Dir d’Bank net ze wiesselen! De Grupp BNP Paribas huet effektiv alles virgesinn, fir de Lëtzebuerger Studenten, déi a Frankräich oder an d’Belsch ginn, d’Liewe méi einfach ze maachen. Entdeckt all eis Avantagen hei.

Garantie fir d’Locatioun vun engem Logement

Wann Dir Iech fir eis Offer Startin’ Étudiants entscheet, stellt d’BGL BNP Paribas Iech  d’Locatiounsgarantie*  fir e Logement zu Lëtzebuerg oder am Ausland (EU) mat oder ouni Kautioun vun Ärer Säit zur Verfügung. Dir braucht dëse Betrag also net méi op Ärem Kont ze blockéieren.

*Maximale Betrag vu 4.500 EUR fir eng Locatiounsgarantie ouni Kautioun

De Führerschäi finanzéieren

Fir Iech beim Finanzéiere vun Ärem Führeschäin ze hëllefen, proposéiert d’BGL BNP Paribas Iech e Prêt zu 1€ den Dag!  Léint 500 EUR a rembourséiert nëmmen 30 EUR de Mount!

Dës Offer ass u Konditiounen an un d’Akzeptatioun vun Ärem Dossier gebonnen. De fixen TAEG (taux annuel effectif global) läit bei 2,7 %, an de ganze Montant an Héicht vun 510 EUR ass während 17 Méint mat 30 EUR/Mount zréckzebezuelen.