Disclaimer


Dir sidd am Moment um Site www.startin.lu (am Rescht vum Text de « Site » genannt) ageloggt. Fir dëse Site, deen d’Proprietéit vun der BGL BNP Paribas ass, gëlle folgend Bedingungen:

ACCES A BENOTZE VUM SITE

Den Zweck vum Site besteet doran, d’Bank mat hiren Aktivitéiten an hire verschiddenen Zorte vu Produiten a Servicer  ze presentéieren, andeems allgemeng Froen an aktuell Theme fir Studenten a Beruffsufänger ugeschnidde ginn. De Site stellt de Benotzer e Blog zur Verfügung, op deem si Noriichte verëffentleche kënnen. Dës Noriichten däerfen net géint den Anstand, géint d’ëffentlech Uerdnung  a géint d’gesetzlech Virschrëften zu Lëtzebuerg verstoussen an de Benotzer ass alleng fir déi Noriichten, déi hie verëffentlecht, verantwortlech.  D’Bank behält sech d’Recht vir, den Inhalt vum Blog ze veränneren, en net accessibel ze maachen oder verschidden Noriichten net ze publizéieren. Persounen aus Juridictiounen an deenen (wéinst der Nationalitéit, dem Wunnsëtz oder aus anere Grënn) d’Verëffentlechung oder d’Disponibilitéit vum Site a sengen Informatioune verbueden oder ageschränkt ass, ass den Accès nëmmen am Kader vun der Legislatioun, déi fir si gëllt, erlaabt.

INFORMATIOUNEN:

Déi um Site diffuséiert allgemeng oder spezifesch Informatioune si reng informativer an net kontraktueller Natur. Et besteet keen Engagement, dass si vollstänneg, präzis an aktuell sinn. Si gëlle weder als Recommandatioun, nach als Offer oder als Opfuerderung fir de Verkaf, de Kaf oder d’Souscriptioun vu Finanzinstrumenter. Si däerfen och net als Berodung a Punkto Gestioun, Finanzen, Placementer, Couverture, Negociatioun oder Berodung am Rechts-, Reglementatiouns-, Steier- oder Comptabilitéitsberäich ugesi ginn.

D’Tatsaach, dass d’Bank an hir Informatiounsquellen dem Benotzer d’Donnéeën an d’Zerwisser vum Site zur Verfügung stellen, bedeit net, dass dës Zerwisser an Informatiounen an déi op dësem Site beschriwwe Produiten un de Benotzer adaptéiert oder fir hie gëeegent sinn.

De Site ka Referenzen oder Linken op aner Internet-Siten enthalen, déi vun Drëttpersoune finanzéiert a verwalt ginn. D’Tatsaach, dass d’Bank e Link op déi Siten ubitt, bedeit net, dass d’Bank dës Siten cautionnéiert, autoriséiert, finanzéiert oder Member vun hinnen, respektiv vun hire Proprietairen oder Exploitanten ass. Si iwwerhëlt deemno keng Verantwortung fir den Inhalt vun dëse Siten.

PERSEINLECH DONNEEEN:

Den Zougang zu gewësse Säite vum Site kann un d’Iwwermëttlung vu perséinlechen Donnéeën iwwert de Benotzer vum Site gebonne sinn. D’Bank traitéiert dës Donnéeën am Aklang mat de gesetzleche Virschrëften an de Benotzer erkennt un, dass d’Bank d’Informatiounen iwwert hie bei der Erfëllung vun hirer Missioun benotze kann, souwäit keng Oppositioun dogéint vun senger Säit virläit, an dat och zu Prospektiounszwecker.

Dem Gesetz no huet de Benotzer e Recht op Zougang an op Rektifikatioun vun den Informatiounen, déi hie betreffen.

DROIT D’AUTEUR :

Sämtlech Elementer, déi op de Säite vum Site verëffentlecht ginn, sinn d’Propriété intellectuelle vun der Bank oder stinn ënner Lizenz an/oder sinn urheberrechtlech geschützt. All ganz oder deelweis Duerstellung, Reproduktioun oder Diffusioun, vun engem Element oder vum Inhalt vum Site op irgendengem Support oder iwwert irgendee Verfahre fir aner Zwecker wéi exklusiv zur perséinlecher a privater Informatioun, ass ouni ausdrëcklech Autorisatioun vun der Bank verbueden. Fir Verweiser a Linken op dëse Site muss virdrun den Accord vun der Bank gefrot ginn.

GERIICHTLECH ZOUSTÄNNEGKEET AN GELTEND RECHT

D’Navigatioun um Site an d’Operatiounen, déi iwwer de Site ausgefouert kënne ginn, ennerstinn der Lëtzebuergescher Legislatioun. Fir eventuell Litigen am Zesummenhang mam Benotze vum Site sinn ausschliesslech d’Geriichter vum Groussherzogtum Lëtzebuerg  zoustänneg, woubäi de Benotzer all aner Juridictioun befaasse kann, déi normalerweis fir hien zoustänneg wier, wann dëse Geriichtsstand net festgeluecht gi wier.