Dir hutt tëscht 18 an 29 Joer a sidd Student oder denkt drun, e Studium zu Lëtzebuerg oder am Ausland unzefänken? Dann ass Startin’ Studenten déi richteg Léisung fir Iech!

Eis komplett Offer fannt Dir op eisem Internetsite bgl.lu

Äre Kont Startin’ Studenten

De Kont Startin’ Étudiant* ass während Ärer ganzer Studienzäit gratis a bitt Iech:

  • e Compte courant fir Är alldeeglech Gestioun
  • eng Debitskaart an eng Kreditkaart fir zu Lëtzebuerg an am Ausland anzekafen a Suen opzehiewen
  • Web a Mobile Banking fir Är Konten ze suivéieren
  • Fräizäitavantagen, wéi zum Beispill Reduktioune beim Benotze vum Night Rider – Bus a regelméisseg Spiller a Concoursen op startin.lu

Luet eis iPhone-Applikatiounen ‘CashPoints’ (fir eis Agencen a Bancomaten zu Lëtzebuerg ze fannen) an ‘Les bons comptes’ (fir eng optimal Gestioun vun den Depensen tëschent Frënn) erof.

TAG : Entscheet Iech elo fir eis Offer Startin’ Étudiant an huelt domat automatesch un enger Auslousung deel, fir eng Rees op Helsinki, d’Haaptstad vum Design 2012, am Wäert vun 500 EUR ze gewannen.

* Dës Offer ass u Konditiounen an un d’Akzeptatioun vun Ärem Dossier gebonnen

Dir wëllt spuere fir Är Projeten ze realiséieren?

De Spuerkont fir Jonker  ass mat engem besonnesch gënschtegen Zënssaz den ideale Kont, wann Dir spuere wëllt, d’Suen awer weiderhi fir onerwaarten Ausgaben verfügbar bleiwe sollen.

Et ginn nach aner Alternativen zu den traditionelle Spuerformelen. Entdeckt se op bgl.lu.

Dir musst Är Studie finanzéieren?

Fir dass Dir zu Lëtzebuerg oder am Ausland studéiere kënnt, ouni Iech Suergen iwwert d’Finanzéierung ze maachen, proposéiert d’BGL BNP Paribas Iech hire Studenteprêt. Dëse Prêt gëtt vum Staat accordéiert a gesäit e ganz gënschtegen Zënssaz fir de Remboursement vir (festen Taux vu maximal 2 %). Dir kënnt bis zu 8 350 EUR pro Joer léinen..

Méi Informatiounen iwwer Finanzbäihëllefe vum Staat fannt Dir um Internetsite vum CEDIES.

Wann Dir Iech fir eis Offer vum Studenteprêt entscheet, profitéiert Dir ausserdeem vun der Assurance OptiStudent , eng Versécherung vun Europ Assistance, mat där Dir all Joer 200 EUR geschenkt kritt! Dës Assurance deckt zum Beispill d’Rapatriementskäschten, wann Dir am Ausland sollt krank ginn.

Entdeckt all eis Offere fir d’Studenteprêten.

Dir wëllt a Frankräich oder an der Belsch studéieren?

An d’Ausland studéiere goen ass eng richteg Aventure voller Imprévuen. Mat der BGL BNP Paribas braucht Dir d’Bank net ze wiesselen! De Grupp BNP Paribas huet effektiv alles virgesinn, fir de Lëtzebuerger Studenten, déi a Frankräich oder an d’Belsch ginn, d’Liewe méi einfach ze maachen. Entdeckt all eis Avantagen hei.

Dir braucht eng Garantie fir d’Locatioun vun Ärem Logement?

Wann Dir Iech fir eis Offer Startin’ Étudiants entscheet, stellt d’BGL BNP Paribas Iech  d’Locatiounsgarantie  fir e Logement zu Lëtzebuerg ouni Kautioun vun Ärer Säit zur Verfügung.* Dir braucht dëse Betrag also net méi op Ärem Kont ze blockéieren.

*Dës Offer ass u Konditiounen (an der Agence verfügbar) an un d’Akzeptatioun vun Ärem Dossier gebonnen.

Dir braucht Hëllef, fir Äre Führerschäin ze finanzéieren?

Fir Iech beim Finanzéiere vun Ärem Führeschäin ze hëllefen, proposéiert d’BGL BNP Paribas Iech e Prêt zu 1€ den Dag!  Léint 500 EUR a rembourséiert nëmmen 30 EUR de Mount!

Dës Offer ass u Konditiounen an un d’Akzeptatioun vun Ärem Dossier gebonnen. De fixen TAEG (taux annuel effectif global) läit bei 2,7 %, an de ganze Montant an Héicht vun 510 EUR ass während 17 Méint mat 30 EUR/Mount zréckzebezuelen.