Rousen, Restauranten, Cadeauen a leidenschaftlech Liebeserklärungen: De Moment ass komm fir Iech dorop virzebereeden, well de groussen Dag kënnt ëmmer méi no ;-)

De 14. Februar, wéi all 14. Februar, ass et un deene Verléifte fir sech „Ech si frou mat Dir!“ an d’Ouer ze pësperen an e romantesche Moment mateneen ze verbréngen. Wann Dir awer nach net inspiréiert sidd, da kënnt Dir hei e puer kleng Rotschléi fannen, déi Iech deen een oder anere Feeltrëtt erspueren ;-)

 

1. Keng Ahnung, wat Dir schenke sollt?

Op Vältesdag kënnt Dir Ärer romantescher Oder mat engem Bouquet roude Rousen (rout ass d’Faarf vun der Leidenschaft, vergiesst dat net!), Schokla an Häerzform, leidenschaftleche Liebeserklärungen, blénkeg Bijouen a betörend Parfumen fräie Laf loossen, näischt ass ze schéi fir Är besser Halschent ze verwinnen ;-)

2. Wat maachen op Vältesdag?

Och wa verschidde Leit mengen, dass en Owend am Restaurant out an almoudesch ass, sollt Dir trotzdem, wann Dir net grad d’Talent vum engem Stärekach hutt, dës Optioun net ausschléissen, fir dass Dir Iech voll op Äre Léifste konzentréiere kënnt. ;-)

Italienesch, franséisch, lëtzebuergesch, japanesch, chinesesch , … zu Lëtzebuerg ginn et vill richteg gutt Restauranten, Dir fannt bestëmmt eng Plaz, op déi Dir allen zwee Loscht hutt ;-)

Nach e bësse méi Glamour gefälleg? Leescht Iech de Luxus vun enger Limousine mat Chauffeur, de Wow-Effekt ass garantéiert ;-) !

Dee beschte Rot, dee mir Iech fir e gelongene Vältesdag kënne ginn: Loosst Äert Häerz schwätzen!