All Joer gëtt et Neies am „Gamers“-Universum, déi grouss Hiersteller vu Spillconsollen a Videospiller iwwerschloe sech mat techneschen Innovatioune fir d’Spiller aus der ganzer Welt, déi ëmmer nei Erausfuerderunge sichen, ze begeeschteren!

Sief et wéinst dem Spillfaktor, dem pedagogeschen oder dem intellektuellen Aspekt – wa fir Iech d’Entspanung a virtuelle Welten déi ideal Fräizäitbeschäftegung ass, da fannt Dir hei een Iwwerbléck iwwer d’Trends vun 2012  ;-)

1. Déi grouss Neiegkeete vum Joer a puncto Spillconsolen

Et gouf laang op si gewaart, den 22. Februar war de neie Member vun der Sony-Famill dann endlech do: d‘PS Vita!

Sony bréngt mat senger PlayStation Vita frësche Wand an d’Welt vun de portable Consollen. Et gëtt se an 2 Modeller: ee mat engem Wifi-Chip an engem 3G-Chip, deen anere just mat engem Wifi-Modul.

D’Handyubidder zu Lëtzebuerg profitéiere vun där Geleeënheet, fir eng attraktiv Offer ze proposéieren, bei därd‘Console mat engem Abonnement kombinéiert gëtt. Dës Affär sollt Dir Iech net entgoe loosse, wann Dir Spill a mobil Telephonie matenee verbanne wëllt  ;-)

Wat d’Fonctionnalitéiten ugeet, bitt d’PS Vita de Spiller eng nei Erfarung duerch hiren Touchscreen (dat mag u sech näischt Neies sinn, mee et sinn awer 5 Zoll!) an hiren Touchpad op der hënneschter Säit, deen een a Spiller benotze kann, an denen ee Seeler ropklammen oder de Ball an de Goal schéisse muss, ass schonn aussergewéinlech! Hir 2 Kameraen, eng vir an eng hannen, erméigleche Spiller an erweiderter Realitéit, genau wéi och de GPS oder déi eenzel Bewegungsmelder. Déi viischt Säit gëtt duerch déi bescht bekannte 4 PlayStation-Knäppercher an 2 analog Joysticken ofgerënnt (eng Konfiguratioun, déi anscheinend den Erwaardunge vun den exigenteste Spiller entsprëcht!)

Mat der PS Vita haalt Dir also  dat selwecht Spillerliefnes an den Hänn, dat eng Console Iech bitt, déi un Ären HD-Fernseh ugeschloss ass (fir bei Sony ze bleiwen, kéint een si deemno mat der Playstation 3 vergläichen!). Dir hutt also d’Stuff zu jidder Zäit bei Iech an der Täsch, mee méi laang wéi 4 Stonnen um Stéck kënnt Dir leider net spillen, ouni no der nooste Steckdous ze sichen ;-)

Fir d’PS Vita kritt een eng ganz Panoplie vu Videospill-Klassiker, et ass also un Iech, fir den Unviersum ze wielen, an deem Dir se entdecke kënnt  ;-)

Nintendo plangt fir d’Enn vum Joer seng siwent Standconsole, déi kleng Schwëster vun der Wii: d‘Wii U. A wat ass dann elo den Ënnerscheed zur Wii?

Ma d’Wii U ka Contenuen an HD rëmginn. Mee virun allem hir Manette wäert méi wéi een iwwerraschen. Déi gesäit aus wéi eng portabel Console oder ee klengen Touch-Tablet. Ausserdeem huet sie eng Eegeschaft, déi ee vun den digitalen Tablets kennt, si ass nämlech mat engem 6,2-Zoll-Touchscreen am 16/9-Format ausgerüst.

Niewent de klassesche Säiteknäppercher huet d’Manette och nach en Accelerometer, e Gyroskop, eng Kamera, e Mikro a Lautsprecher.

Nintendo wëll seng Spiller nom Erfolleg vun der Koppel Wiimote + Nunchuk op der „traditioneller“ Wii alt erëm staunen doen.

D’Wii U schengt eng perfekt Combinaisoun vun enger Standconsole, enger portabler Touch-Console an engem Touch-Tablet ze sinn! Also eng Affaire à suivre ;-)

D’Retrokompatibilitéit mat de Spiller a mam Material, also mat der Wiimote, mam Nunchuk a mam Wii Balance Board, déi fir déi al Wii kaf goufen, ass och geséchert. Dat ass also nach eng gudd Noriicht  ;-)

Zum Thema Katalogunderline;”>vun de Spiller huet den Hiersteller  een éischte Line-Up virgestallt mat Titele wéi Assassin’s Creed, Batman: Arkham City, Ninja Gaiden 3: Razor’s Edge, Tekken, Raving Rabbids an nach e puer aner Spiller, déi einfach ee „Must“ sinn. Domat dierft de Virwëtz vun den „Nintendo Addicts“ bis Enn des Joers gestëppelt ginn  ;-)

Waat Microsoft ugeet, do lafen nach Gerüchter, mee et gesäit esou aus, wéi wann déi nächst Bomm a Saache Standconsole demnächst platze géif: d‘Xbox 720! Et schielt sech och esou lues een Datum oder besser gesot een Zäitraum eraus, nämlech Oktober oder November 2013. Bis dohi gëtt et bestëmmt heiansdo déi eng oder déi aner Informatioun, bleift also um Ball  ;-)

2. Videospiller am Cloud Computing, eng kleng Revolutioun?

Niewent de Blockbuster vum Joer, déi schonn ugekënnegt goufen, wéi zum Beispill Final Fantasy XIII-2 , SoulCalibur V , Metal Gear HD Collection oder awer Resident Evil: Revelations, fir der just e puer ze nennen, kéint d’Revolutioun sech éischter um Niveau vum Web ofspillen …

Mam onbegrenzten Internetaccès hunn d’Videospiller een neie Support kritt, de Cloud Computing, op deem och de Konzeptauslänneschen TV/Internet-Ubidder, déi hir „Box“ schonn ugepasst hunn, nach näischt an déi Richtung ënnerholl. Hoffentlech ännert sech dat geschwënn ;-)

Wéi Dir gesitt, wäert et 2012 nach vill Neies z’entdecke ginn, a mol kucken, ween déi neiste Pärel als Éischten däerf testen ;-)

Ee gudde Rot: huelt Är Manetten, Nunchuk & Co. an d’Hand a lass!  ;-)