Dir dreemt vu Schnéi, vu Pisten a vu spektakulären Descenten? Tjo, mat engem héchste Punkt vu 560 Meter (Kneiff) zielt Lëtzebuerg och net onbedéngt zu den attraktiivste Schigebidder
Hei ass eng kleng „Visite guidée“ vun 3 Länner, wou Schifueren, wéi soll ee soen, … méi e realistesche Sport ass
d’Schwäiz, Éisträich a Frankräich.
1. Schwäiz
Wéinst senger besonnesch gënschteger Lag kann e bal soen, dass d’Schwäiz d’Mekka vun de Schifuerer ass. Effektiv gi 60 % vum Schwäizer Territoire vun den Alpe bedeckt. Dat erkläert och, firwat de Wantersport zwee Drëttel vun de Recetten aus dem Tourismus an der Schwäiz ausmécht. D’Schwäiz ass och fir hir „Jet Set“-Statioune wéi Gstaad, Zermatt oder och nach St. Moritz, déi eenzeg Schwäizer Olympia-Statioun, bekannt. Luxusbutteker, Véier-Stären-Hoteller, Promien,… Den Dages-Forfait zu St. Moritz ass deen deiersten an Europa: 57 € (Etude vum Europäesche Verbraucherzentrum). Dir sidd also gewarnt: St. Moritz ass näischt fir kleng Portmonnien! Awer nieft dësem Image vu „Luxus“ bitt d’Schwäiz de Schifuerer vill Avantagë wéi super Schnéiverhältnisser, mat Héichte bis zu 190 cm, endlos Pisten (bis zu 17 km zu Zermatt) an zollitt Héichtenënnerscheeder. Och Leit, déi net Schi fueren, fannen an der Schwäiz hiert Gléck op deene ville Wanderpisten. Ee klenge Startin’-Tipp: déi grouss Hoteller proposéieren All In-Forfaiten (Hotel + Schi). Domat huet ee budgetsméisseg direkt eng besser Iwwersiicht. Dës Offere sinn awer oft an der Quantitéit limitéiert, maacht Iech also bäi!
2. Éisträich
Duerch seng Lag an den Alpen ass Éisträich d’Heemecht vu villen Alpin-Schifuerer wéi deem berühmten Hermann Maier. Éisträich ass d’Land vum Schisport par excellence. Nieft der Schwäiz gëtt et effektiv keen anert Land, wou Schifueren kulturell gesinn esou eng grouss Bedeitung huet. Nëmme fir ze soen,… virun e puer Joer war Schifueren nach een obligatorescht Schoulfach am Lycée! Déi vill éisträichesch Statioune bidden net nëmmen onverstallte Vueën op Bierg an Dall, mä och wonnerbar Landschaften, wou de Schnéi an d’Bëscher an enger perfekter Osmos liewen. D’Statioune sinn oft ganz modern wat d’Schilifter ubelaangt: do ginn et Télékabinne mat aacht Plazen a gehëtzte Sesselliften: dat huet Stil, oder? Éisträich ass och de Paradäis vum Après-Schi. Et gëtt gesot, dass dës Traditioun souguer an Éisträich entstanen ass. Op verschiddene Statioune fänkt den Après-Schi fir déi Couragéierst am fréien Nomëtten un. Wann Dir also déi impressionant Landschafte genéissen an och e bësse Party maache wëllt, ass Éisträich déi ideal Destinatioun fir Iech! Hei sinn e puer vun de beschtbekannte Statiounen: St. Anton, Ischgl, Soelden a Saalbach-Hinterglemm. Besicht fir méi Informatiounen och den offizielle Site vum éisträicheschen Office du tourisme.
3. Frankräich
Dir sicht eng Héichstatioun mat wäitleefege Schigebidder? Dann ass Frankräich mat Sécherheet Är Dramdestinatioun. Mat iwwer 200 Statiounen ass Frankräich sécher eent vun den attraktiivste Schigebidder op der Welt. Wat d’Schipisten ubelaangt, sinn déi gréisste Statiounen Serre Chevalier (250 km Pisten), d’Alpe d’Huez (238 km) a La Plagne (225 km). Donieft ginn et awer och regruppéiert Statioune wéi Les 3 Vallées (600 km Pisten, déi matenee verbonne sinn) oder Les Portes du Soleil (650 km). Ee vun den Avantagë vu Frankräich ass déi grouss Diversitéit: mat net manner wéi sechs verschiddene Massiver (d’Vogesen, de Jura, d’Nordalpen, d’Südalpen, de Massif Central an d’Pyrénéeën), ass fir all Goût, an och fir all Portmonni, eppes derbäi.
Ofschléissend nach e puer kleng Rotschléi, fir dass Dir Är Rees optimal virbereede kënnt:
- Rendez-vous op skipass, wou Dir e komplette Guide vun de Statioune fannt. Stellt Är Froe roueg um Forum, dës Communautéit ass immens aktiv an äntwert Iech bestëmmt;
- fir déi kleng Budgeten ass et besser, méi laang am Viraus ze reservéieren an/oder léiwer méi kleng Statiounen rauszesichen;
- reservéiert Äert Material am Viraus iwwer den Internetsite vun den Ubidder. Dir kritt normalerweis eng Reduktioun vu bis zu -40 %, z.B. op Sport2000;
- jee no Saison, a ganz besonnesch ëm Neijooschdag, ass et besser, eng méi héich Statioun ze wielen, fir besser Schnéiverhältnisser ze hunn;
- e leschten Tipp (fir Är Urees): informéiert Iech iwwer d’Wiederkonditiounen ier Dir fortfuert an equipéiert Iech deementspriechend (Wanterpneuen, Ketten).

















