
Et ass decidéiert: Dir kaaft Iech en Auto! Dir wësst just nach net, ob Dir Iech en neien Auto oder eng Occasioun uschafe sollt…
Dës Entscheedung ass net onbedéngt einfach, duerfir gi mir Iech hei e puer Rotschléi, mat deenen Dir méi kloer gesitt an déi Iech derbäi hëllefen, dee Choix ze treffen, deen am beschten zu Ären Dreem an Erwaardunge passt…
1. D’Occasioun : gutt fir de Portemonni
Wann een nëmmen een eenzegen Avantage nenne misst, fir en Occasiouns-Auto ze kafen, da géif ee wahrscheinlech „de Budget“ soen. Eng Occasioun erlaabt engem effektiv, en Auto aus enger méi héijer Gamme fir de selwechte Präis ze kréien, deen e méi einfache Modell nei kascht.
Ausserdeem ass et bei Occasioune méiglech, e voll equipéierten Auto ze kafen, während Dir Iech bei deenen neien Autoe mam Modell ouni Optiounen, also mam Basismodell, misst zefridde ginn. Nieft dem Kafpräis däerf een awer och net d’Niewekäschten aus den Ae verléieren, besonnesch d’Versécherung: Ären Assureur freet selbstverständlech manner fir d’Assurance vun enger Occasioun wéi fir déi vun engem neien Auto. Och dat ass en iwwerzeegend Argument fir eng Occasioun
Hei e puer Rotschléi, fir eng Occasioun ënnert de beschtméigleche Konditiounen auswielen ze kënnen:
- Vergläicht d’Präisser mam Ausland: An Däitschland zum Beispill sinn d’Occasiounen am Allgemengen 10 bis 15 % méi bëlleg…
- Liest déi kleng Annoncen, a maacht dëst virun allem iwwert e puer Wochen fir „e Gefill fir de Marché ze kréien“: kuckt ob d’Autoen, déi Dir sicht, séier fortginn, ob hire Präis erofgeet, asw. Duerch dës Recherchë kritt Dir och eng genee Virstellung vum Wäert vun deem Auto, deen Dir sicht. Et ginn och vill Sitten, déi kleng Annoncë fir Autoe proposéieren. Zu deene bekanntesten zielenLuxauto.lu,Driving.lu oder och AutoScout24.lu.
- Informéiert Iech gutt beim Verkeefer iwwert dem Auto seng Virgeschicht. Rechnunge vum Garage an/oder en ausgefëllte Carnet d’entretien garantéieren, dass gutt nom Auto gekuckt ginn ass
- Kuckt Iech den Auto ganz genee un an test all d’Equipementer. Et ka ganz nëtzlech sinn, wann Dir e Kolleg, dee Mecanicien ass, mathuelt: duerch seng Erfahrung kënne béis Iwwerraschungen zu 99 % verhënnert ginn.
- Bei ze vill gudden Affäre sollt Dir skeptesch sinn! Autoe mat extrem niddrege Präisser hunn oft scho vill Kilometer erof a riskéieren, héich Reparatur- oder Entretienskäschten ze verursaachen. Domat sinn déi Suen, déi ee beim Kaf gespuert huet, eventuell erëm verluer.
Notéiert Iech elo schonn e Rendez-vous fir de Mee : do gëtt fir d’éischte Kéier zu Lëtzebuerg en nationale Festival vum Occasiouns-Auto organiséiert!
2. En neien Auto : méi deier mee duerfir och méi e grousst Gefill vu Sécherheet
De Kafpräis an d’Versécherung vun enger Occasioun si wuel méi niddreg wéi déi vun engem neien Auto, Dir däerft awer net vergiessen, dass de Constructeur Iech bei engem neien Auto eng Garantie vun 2, 3 oder souguer 7 Joer gëtt! Während där ganzer Zäit sidd Dir géint all Garage-Käschten (mat Ausnahm vun Ofnotzungs- a lafenden Entretienskäschten) ofgeséchert.
Wann Dir bei Äre Concessionnaire gitt, fir en neien Auto ze kafen, sidd Dir vollkomme fräi an Ärem Choix an Dir kënnt den Auto ganz no Äre Virstellungen (an no Ärem Budget) personaliséieren. Ween „neien Auto“ seet, soll jo och „Pleséier“ soen.
E weidere wichtege Virdeel, deen oft vergiess gëtt: en Auto, deen een nei kaaft huet, ka méi liicht weiderverkaaft ginn, wéi een, dee schon zwee oder dräi Mol de Proprietaire gewiesselt huet…
E puer Rotschléi:
- Och bei engem neien Auto lount et sech, ze verhandelen an och e puer Concessionnaire ënnerteneen a Konkurrenz ze setzen. E puer nëtzlech Verhandlungstipps fannt Dir um SiteFormation Negociationan am ArtikelNégocier sa voiture en concession vu L‘Internaute.
- Ier Dir Ären zukünftegen Auto erauswielt, sollt Dir Iech grëndlech iwwer déi Marken a Modeller, déi Iech interesséieren, informéieren. Frot bei Äre Frënn a Bekannten ëm Rot, liest d’Fachpress, consultéiert d’Foren um Internet, asw. … Renseignéiert Iech besonnesch iwwer folgend Punkten: Verbrauch, Leeschtung, Sécherheet, Tariffer, Equipementer,…
Profitéiert nach bis de 6. Februar vum Autofestival, do fannt Dir bestëmmt Ären Dramauto, deen och bei Äre Budget passt
3. En Occasiouns-Auto bedeit net onbedéngt en Schrottauto!
Wier den ideale Choix net vläicht eng relativ nei Occasioun? Wousst Dir, dass en neien Auto effektiv an den éischten zwee Joer am meeschten u Wäert verléiert: tëscht -25 % a -35 % am éischte Joer; -15 % am zweete Joer, -10 % am drëtte Joer, asw. …
Wat d’Zouverlässegkeet ugeet sollt ee wëssen, dass d’Autoen hautdesdaags ouni gréisser Schwieregkeete bis zu 200 000 km zeréckleeë kënnen (och wann ee méi oft vun deenen Autoen héiert, déi no 1 000 km futti sinn, wéi vun deenen, déi iwwer 200 000 km um Tacho hunn). En Auto, deen e puer Dausend oder zéngdausend Kilometer um Bockel huet, bitt Iech praktesch dee selwechte Service wéi e fonkelneien Auto.
Awer egal fir wat fir een Auto Dir Iech schlussendlech entscheet, mir recommandéieren Iech op alle Fall eng Memberskaart YoungACL:eng Memberskaart déi Iech richteg vill Avantagë bitt. Deen impressionantesten: 100% Assistance d’ganzt Joer iwwer, 7D/7, 24St/24 zu Lëtzebuerg an a ganz Europa, mam Iwwerhuele vun den Hotels- a Rapatriementskäschten zum Beispill bei der Europa-Kaart.

















