Dir hutt d’Nues voll vun deenen traditionellen Agencen?
BGL BNP Paribas huet sech der Erausfuerderung gestallt fir eng Agence opzemaachen, déi e bëssen aus der Rumm fält an déi ganz op déi nei Technologien ausgeriicht ass!
D’Agence Europe läit am europäesche Quartier vum Kierchbierg, vis-à-vis vun der Philharmonie. Si ass also liicht zougänglech.
D’Agence Europe, wat ass dat?
◦ Eng Plaatz voller Design mat vill Luucht an ouni Guicheten!
◦ en Espace, wou een sech an eng Fotell sëtzen a gratis mat iPads am Internet surfe kann
◦ en Eck, dee mat Computeren ageriicht ass, op deenen ee seng Web Banking Operatiounen ausféiere kann
◦ modern Salonen, an deenen ee mat engem Beroder fir Jonker iwwer seng Projeten diskutéiere kann
◦ en Kaffi-eck, an deem vu méindes bis freides tëscht 7.00 an 10.30 Auer eng kleng Auswiel u waarmem Gedrénks an klenge Snacken ugebuede gëtt, déi een entweder op der Plaz konsuméiert oder mathëlt. Ausserdeem iwwerweisen d’Bank an Eurest fir all Kaffi, dee verkaft gëtt, 10 Cent un eng Associatioun.
◦ eng Equipe vu 6 Beroder, déi Iech a 7 Sproochen empfänkt: Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch, Däitsch, Italienesch, Portugisesch an Dänesch
Jidderee ka kommen!
D’Agence Europe ass op fir all Mënsch, egal ob Client oder net … jiddereen ass wëllkomm fir d’Agence ze entdecken oder och e klenge Moment do ze verbréngen!
Agence Europe ass op vu méindes bis freides vu 7.30 bis 18.30 Auer, ouni Ënnerbriechung.
13 avenue J.F. Kennedy, Lëtzebuerg Kierchbierg.

















