An Dir, wat maacht Dir dëse Sonndeg? Firwat net e klengen Ausfluch op Dikkrech, fir eent vun den Top-Evenementer vum Joer ze entdecken oder nees nei ze entdecken: d’Fueskavalkad!
Dëse Méindeg, den 20. Februar, ass esou richteg Fuesent: Zäit fir sech mat sengem schéinste Kostüm ze verkleeden a bei deene ville Festivitéiten uechtert d’Land matzemaachen!
Hei eng kleng Iwwersiicht iwwer déi wichtegst Datumer an hir Bedeitung an eisem Land an an de Nopeschlänner, well an eiser Regioun ass d’Fuesent net nëmmen eng Traditioun, mä eng regelrecht Institutioun!
1. D’Fuesent zu Lëtzebuerg
D’Fuesent dauert vu Liichtmëssdag bis Äschermëttwoch (dëst Joer den 22. Februar).
Héichpunkt vun der Fuesent ass d’Zäit vu Fuessonndeg bis Äschermëttwoch (op kee Fall verpassen!): do ginn op ville Plazen am Land Kavalkaden a Fuesbaler organiséiert. Zu Lëtzebuerg ass d’Fuesent eng regelrecht Institutioun, un där déi Kleng an déi Grouss mat vill Spaass deelhuelen a mat hire schéinste Fueskostümer duerch d’Stroossen zéien. E flotten a gesellege Moment, bei deem Dir also ondedéngt sollt derbäi sinn.
Hei déi wichtegst Datumer aus dëser stëmmungsvoller Zäit:
- „Fuessonndeg“ (19. Februar) a „Fuesméindeg“ (20. Februar): Op dësen 2 Deeg ginn déi meeschte Fuesbaler, Kavalkaden an Ëmzich vun allen Zorten organiséiert.
- „Buergbrennen“: D’Enn vun der Fuesent gëtt sonndes (dëst Joer de 26. Februar) mat groussen Holzkräizer, déi a sougenannte Buergen opgeriicht a mat vill Freed a Spaass vun de Bedeelegten ugefaange ginn, gefeiert. Dat Ganzt symboliséiert d’Enn vum Wanter an den Ufank vum Fréijoer, well d’Feier sech géint d’Keelt duerchsetzt. Op verschiddene Plaze ginn Ëmzich organiséiert, déi vum Duerf bis bei d’Buerg, déi meeschtens méi héich läit, eropginn. Opgepasst: Wann Dir et mat der Traditioun ganz genee huelt, da gehéiert Gegrilltes a Glühwäin einfach dozou!
- „Stréimännchen“: Fir d’Fuesent ze begruewen, droen déi Jonk eng grouss Popp aus Stréi duerch d’Stroosse bis bei d’Bréck iwwert d‘Musel, wou déi Onglécklech ugefaangen an an de Floss geheit gëtt. D‘Stat Schengen organiséiert en Emzuch, deen Dir op kee Fall verpassen däerft!
Fir déijéineg, déi dës Traditioun nach net esou gutt kennen, hei e puer Nimm vun deene bekannteste Kavalkaden: Dikkrech, Esch/Uelzecht, Réimech a Péiteng.
D’Fueszäit ass awer och d’Zäit vun de Fuesbaler. Wéi wier et mat engem „Rendez-vous vun de Gecken“ zu Iechternach oder an anere Stied an Dierfer?!
Vergiesst awer och net, déi typesch Lëtzebuerger Fueskichelcher, wéi „verwurrelt Gedanken“, „Nonnefäscht“, „Täertelcher“, „Maisercher“ oder „Stretzegebäck“ ze schmaachen. D’Fuesent ass och d’Zäit vun de Schneekegkeeten
2. D’Fuesent bei eisen Noperen
D’Fuesent ass och bei eisen däitschen Noperen en Deel vun der Kultur an der Traditioun. Ëmzich mat Musek, Verkleedungen a Baler gehéieren och hei zum Fuesprogramm. Am Géigesaz zu Lëtzebuerg gëtt et d’Fuesent an Däitschland net nëmmen an enger, mä souguer an 3 Varianten:
- d’rheinlännesch Fuesent (Karneval), déi sech doduerch auszeechent, dass si den 11.11 um 11.11 Auer ufänkt an Äschermëttwoch op en Enn geet. Dësen Datum markéiert awer just den Ufank vun de Virbereedungen (selbstverständlech gëtt sech awer och den 11. November fir de Startschoss verkleet!). Déi offiziell Festivitéite fänken réischt de 7. Januar un
- De Karneval a Bayern, deen de 7. Januar ugeet an och Äschermëttwoch eriwwer ass
- Den alemannesche Karneval, deen haaptsächlech am Schwarzwald an an der Baseler Géigend gefeiert gëtt.
Bei der däitscher Fuesent ginn et 6 Héichpunkten, déi „6 geckeg Deeg“:
- Weiberfastnacht (Fettendonneschdeg): Optakt vun de Festivitéiten, awer och den Dag vun de Fraen! Si iwwerhuelen d’Muecht an zécken och net, d’Krawatt vun all Mann, dee sech deen Dag traut, eng unzedinn, ofzeschneiden. Dir Hären, Dir sidd gewarnt!
- Freides: Dem Brauch no sollt deen Dag jiddferee vu senge Kollege mat Rouscht ageriwwe ginn. Dëse Brauch ass haut awer net méi aktuell
- Samschdes: D’Schiertech un, well haut ass den Dag, wou traditionell d’Fueskichelcher gebak ginn, déi awer réischt den Dag duerno däerfe giess ginn.
- Sonndes: Degustatioun vun de Fueskichelcher! Interessant ze wëssen, dass an alen Zäiten déi nobel Gesellschaft an d’Foussvollek sech net vermëscht hunn. Sonndes war also den Dag vun deenen éischten a Méindes hunn dann déi aner d’Fuesent gefeiert.
- Méindes: Dat ass DEN Dag vum rheinlännesche Karneval, wou déi impressionant Ëmzich stattfannen. Dee bekanntesten ass de Kölner „Rosenmontagsumzug“.
- Fuesdënsdeg: De leschten Dag virun der Faaschtenzäit, dee mat groussen Ëmzich a faarwege Verkleedunge gefeiert gëtt.
- Äschermëttwoch: Lo ass d’Fuesent definitiv eriwwer! Fir dat ze feieren, ass et Brauch, eng Fuespopp (oder eng Hex, deemno wéi een d’Saach gesäit!) ze verbrennen, fir de Wanter symbolesch ze verdreiwen.
Wéi Dir gesitt, ass d’Fuesent eng Zäit, wou vill gefeiert gëtt! Egal ob Dir zu Lëtzebuerg oder bei eisen däitschen Nopere feiere wëllt, vergiesst nëmme net Är Kostümer !

















