Wann en neit Joer ufänkt, hëlt jiddfereen sech gutt Virsätz, an dat gëllt och fir Äre Startin’-Blog: 2012 ass d’Joer vun der Weiderentwécklung!
Fir Startin’ steet de Joresufank also am Zeeche vun engem neien Design, engem neie „Member“, enger neier Rubrik an enger neier Sproochenoptioun.
Dir kënnt et kaum erwaarden, fir dee schéinen neie Blog z’entdecken?! Suivez le guide
1. Eng nei Faarwewelt
All Espace huet seng eege Faarf: Blo fir d’Beruffsufänger, Rosa fir d’Studenten a Giel fir deen neie „Member“ …. d’Spannung klëmmt… méi doriwwer an e puer Zeilen
2. En neie Member
Wëllkomm am Espace vun de Schüler!
Dësen Espace riicht sech u Jonker tëscht 12 – 17 Joer a bitt Astucen, Rotschléi, Artikelen an e Programm speziell fir Lycéesschüler.
3. Eng nei Sproochenoptioun
Är Besoinen, Virstellungen an Erwaardunge si wichteg fir eis, an duerfir hu mir decidéiert, Iech d’Meiglechkeet ze ginn, och op Lëtzebuergesch op Startin’ ze surfen!
Vill vun Iech hunn sech dat gewënscht, Startin’ huet Iech dee Wonsch gären erfëll
4. Eng nei spannend Rubrik….
Artikelen, Rotschléi, Astucen, alles schéin a gutt, awer eng Videosversioun ass dach vill méi flott!
Startin’ lancéiert Startin’TV, wou Dir a klenge witzege Kuerzfilmer richteg gutt a nëtzlech Infoe kritt!
Startin’ bréngt dëst Joer Faarf an Äert Liewen, mir freeën eis schonn op Ären nächste Besuch

















